Search

You may also like

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?
Neiegkeeten

Gesondheetskeess: Méi no beim Bierger?

D‘Verwaltung zu Lëtzebuerg huet net de beschte Ruff. An awer

EU-Kommissioun: D’Kannerrechter ëmzesetzen, ze fërderen an ze schützen
Neiegkeeten

EU-Kommissioun: D’Kannerrechter ëmzesetzen, ze fërderen an ze schützen

An de leschte Wochen a Méint huet d’EU-Kommissioun sech mat

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen
Neiegkeeten

Zäit fir ze spillen an ze entdecken, Zäit fir nozelauschteren an ze schwätzen

Mee statt sech der Kritik zouzewennen, well een d‘Auer nu

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?

Et gëtt Mënschen am Land, déi iwwerzeegt sinn, dat de Virus keen Impakt op d‘Stierflechkeet hat

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?

Datt een den Informatiounen am Netz net blannemännerches soll gleewen, zumindest wann d‘Source „zweiwelhaft“ ass, dat ass gewosst. Et sollt een dann och net all Comptoirsgespréich fir boer Mënz huelen. Vill an oft gouf behaapt, datt dach alles net esou schlëmm wier, an esouguer manner Leit wärend der sanitärer Kris gestuerwe wieren, wéi bei enger „normaler Gripp“.

Elo leien d‘Zuele vir an déi schwätze bekanntlech hir eege Sprooch. Am Abrëll sinn esou zu Lëtzebuerg 397 Stierffäll vu Residenten enregistréiert ginn. Am Abrëll 2019, esou de STATEC, waren et därer 327. Dat sinn Zuelen, déi d‘Land zanter Abrëll 1975 esou net méi kannt huet. D‘Analys vum STATEC weist och drop hinn, dat vu Januar bis Mëtt Mäerz d‘Zuele vergläichbar waren, mat deene vun de leschte Joren. Hei muss een dann awer och Grondsätzleches am A hunn.

Zum engen ass et esou, datt Lëtzebuerg wéi vill aner Länner, eng gerénger Stierflechkeet ze verzeechnen huet. Déi mëll Wantere féieren derzou, datt et manner Grippewelle gëtt a laut dem statisteschen Amt vun der Regierung, wier dat besonnesch wouer fir d‘Méint Februar a Mäerz. D‘Covid19-Pandemie hat also, esouvill léisst sech net ofstreiden, en Impakt op d‘Doudesfäll.

Nach ëmmer entspriechend den Zuele vum STATEC, sinn tëscht Mëtt Mäerz – also dem Zäitpunkt wou den Etat de Kris ausgeruff ginn ass – bis Enn Abrëll 664 Stierffäll ze notéieren, also gutt honnert Doudeger méi wéi an de Jore virdrun. Dës Zounam entsprécht zimmlech den effektive Stierffäll, wéi se vun der Direktioun vun der Santé am Kontext mam Virus Covid19 gemellt goufen, firwat et schlicht falsch ze behaapten, hei vill Gedauschs wéinst „näischt“ gemaach ginn.

Et sollt een – och wann et richteg ass, datt villes engem iwwerzunn oder net koherent virkomm ass – déi vun der Regierung getraffe Mesure, vum Confinement iwwer d‘Gest Barrière, also schonn dierfen als sënnvoll begräifen. Hätt ee sech dem schwedesche Modell ugeholl, also alles normal weider lafe gelooss, dierften d‘Zuelen erhieflech méi héich ausgefall sinn. Wann och net zwéngend.

Hale mir nach fest, datt et eng Paritéit bei de Geschlechter gëtt, woubäi et interessant ass sech hei dem Detail eppes méi unzehuelen. Esou huet den Duerchschnëttsalter bei de Männer bei 75 Joer geleeën, bei den Damme war dëse bei 82 Joer. Dat weist dann och drop hinn, zumindest ass deem esou fir Lëtzebuerg, datt déi eeler Leit wierklech méi bedreet sinn, wéi datt fir déi méi jonk Senioren an d‘Jugend am grousse Ganzen de Fall ass. Et ass also wichteg weider virsiichteg ze sinn.

Illustratioun: © Martha Dominguez de Gouveia / unsplash

Related topics Covid19, Statec, Statistiken, Stierffäll
Next post Previous post