Search

You may also like

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert
International Neiegkeeten

Greenpeace nëmme partiell begeeschtert

Wéi Greenpeace Lëtzebuerg et haut erkläert huet, géif déi Europäesch

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“
International Neiegkeeten

Op een neit Joer: Treffen tëscht Romain Schneider a „Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren“

Bei dem traditionellen Neijoerschechange hunn de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn
International Neiegkeeten

Esou soll déi nei US-Regierung ausgesinn

D‘Walen an den USA si Geschicht an a 14 Deeg

D‘Fransouse klappen nees den Trottoir erop

Experte schwätze vun der 3. Well, Paräis verschäerft d‘Mesuren an et dierf nees AstraZeneca verimpft ginn

D‘Fransouse klappen nees den Trottoir erop

Fir eis franséisch Nopere waren déi lescht Wochen net wierklech erfreelech, bezunn op d‘Oplagen a Beschränkungen. Mee et wëll och bei hinnen einfach net besser ginn. D‘Inzidenz klemmt – dat awer jee no Regioun ganz ënnerschiddlech – d‘Spideeler mussen nach ëmmer vun „net wichtegen“ Agrëff ofgesinn, an esou richteg viru kommen se mam Impfen och net.

Zanter Mëtternuecht elo sinn déi nei Moossnamen, esou wéi se vum Premierminister Jean Castex presentéiert goufen a Kraaft. Et huet vill vun engem „Confinement“: Butteker déi net „essentiell“ sinn mussen de Rideau ënne loossen, aus dem Haus dierf een nach just mat engem „Ziedel“, dat allerdéngs ouni zäitlech Begrenzung, wann ee sech bannent engem 10 Kilometer-Radius beweegt.

En Donneschdeg hat de franséische Premier de Fransousen erkläert, datt sech d‘Lag nees zouspëtzt an et net anescht geet, wéi alles ze ënnerhuele fir ze verhënneren, datt et ausser Kontroll geréit. Et wier elo evident, datt d‘Land vun enger drëtter Well betraff ass. De sougenannte brittesche Variant mécht mëttlerweil 75% vun deen Infektiounsfäll aus. D‘Mesure gëlle viraussiichtlech 4 Wochen.

An de besonnesch betraffene Regioune gëlle streng Beweegungsaschränkungen: Ausser et huet een ee wierklech gudde Gronn, dierf sech net méi an aner Regiounen deplacéiert ginn. Betraff ass, wann ee just d‘Demographie vun de Regioune berécksiichtegt, gutt en Drëttel vun der Populatioun. An dat wäert sech op Ouschteren, méiglecherweis och Päischten auswierken. D‘Kierch ass besuergt…

mat indymedia/par

Illustratioun: Och zu Paräis gëllen déi streng Mesuren. Hei läit d‘Inzidenz aktuell bei +450 fir honnertdausend Awunner. All Dag musse Covid19-Patienten an aner Landesdeeler verluecht ginn. © John Towner / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Frankräich, Jean Castex, Lockdown
Next post Previous post