Search

You may also like

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären
International Neiegkeeten

Frankräich: De Covid19 erzwéngt Ausgangsspären

D‘Dokteren, an hei besonnesch d‘Intensiv-Medeziner, sinn alarméiert. Et wier offensichtlech,

money
Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg
International Neiegkeeten

Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg

Engem ganze Secteur opzëerleeën seng Aktivitéiten op den allerstriktste Minimum

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2
International Neiegkeeten

Sinn des Wierder richteg geschriwwen? – 2

[onionbuzz quiz-id=72][/onionbuzz]   Et vergeet kaum en Dag, wou een

Covid19: Frankräich kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Mat bal 19.000 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen hunn eis Noperen elo ee richtege Problem

Covid19: Frankräich kritt d‘Pandemie net an de Grëff

Déi franséisch Autoritéite melle fir eleng de Mëttwoch 18.746 nei Infektiounsfäll. Den Taux ass elo op 10% geklommen an dem President Emmanuel Macron ass näischt anescht iwwreg bliwwen, wéi seng Landsleit op weider Aschränkunge virzebereeden.

Et ass keng einfach Situatioun, mat där sech eis Noperen den Ament ze befaassen hunn. Eis belsch Noperen hu gëschter ganz drastesch Mesure fir Bréissel ëm- an Duerchgesat an och déi aner Säit der Musel weist den Trend ganz däitlech no uewen. Am Frankräich ass et dann elo och besonnesch schlëmm, well schonn iwwer 70% vun den Intensivbetter, mat Covid19-Patiente beluecht sinn.

An engem Interview huet de franséische President dann och gewarnt, datt sech d‘Land op weider Aschränkungen astelle muss. Dat besonnesch iwwerall do wou d‘Verbreedung vum Coronavirus séier virugeet. „De Virus zirkuléiert zanter ee puer Wochen nees méi séier a mir mussen deem elo eppes entgéintsetzen“, esou den Emmanuel Macron mat eeschter Minn. Ee Lockdown soll et awer net ginn an och nei Reesbeschränkungen huet de Staatschef bis heihinner ausgeschloss.

Um Mëttwoch sinn dann och nach 80 nei Doudesfäll gemellt ginn, wat d‘Zuel vun den Affer – säit Ausbroch vun der Pandemie – op elo 32.445 erhéicht. Domadder gehéiert Frankräich zu den am stäerkste betraffene Länner vun der Unioun. Aktuell beleeën iwwer 1.400 Covid19-Patienten d‘Better vun den Intensivstatiounen. Spideeler mussen ewell Patienten op aner Haiser verdeelen.

An der Pressekonferenz vu gëschter Donneschdeg huet de franséische Gesondheetsminister Olivier Véran d‘Stied: Grenoble, Lille, Lyon a Saint-Etienne an de maximalen Alarmzoustand versat. Wéi zu Marseille, Paräis oder der Guadeloupe, gëtt dëse Statut vun drastesche Mesure begleet. Dat heescht datt och do d‘Bistroen an d‘Caféen hir Betriber nees mussen zoumaachen, an dat schonn ab muer Samschdeg. Montpellier an Toulouse kéinten sech schonn e Méindeg uschléissen.

Zu Clermont-Ferrand an Dijon gëllt ab ee Samschdeg eng erhéichten Alarmstuf, an hei mussen d‘Betriber vum Horesca-Secteur um 22 Auer zoumaachen. Versammlungen am ëffentleche Raum ginn op 10 Persoune begrenzt. Rassemblementer gi vu 5.000 op 1.000 begrenzt, esou wéi dat schonn zu Bordeaux, Montpellier, Nice, Rennes, Rouen an Toulouse de Fall ass.

Hëllefsprogrammer gi verstäerkt

De Wirtschaftsminister Bruno Le Maire huet no den Annonce vum Gesondheetsminister och eng Rei Mesuren ugekënnegt, mat deenen de wirtschaftlechen Impakt soll ofgefiedert ginn. Hei geet et ëm d‘Erweiderung vun de potentielle Beneficiaire vum Solidaritéitsfong. Dës Hëllef ziilt drop of, d‘Verloschter vum Geschäftsëmsaz géintiwwer dem gläichen Zäitraum 2019 auszegläichen.

Bis zu 10.000 Euro de Mount kann dës Finanzhëllef ausmaachen, a soll och fir nei Secteuren, déi och vun der Kris betraff sinn, ausgewäit ginn. Esou sinn elo och Blummenhändler, Librairien, Fotografen an Event-Veranstalter eligibel, mee dës Lëscht soll nach erweidert ginn. Den neie vum Minister genannte Wirtschaftsperimeter ëmfaasst ronn 75.000 Entreprisen. Domadder klëmmt d‘Zuel vun de vir eng Hëllef eligibel Entreprisen op 225.000. An dat wäert net bëlleg ginn.

A besonnesch haart getraffe Secteuren, soll de partielle Chômage (Kuerzaarbecht) zu 100% – géint soss 85% – vum Staat iwwerholl ginn. Dat betrëfft an éischter Linn den Evenementiel, d‘Kultur, de Sport an den Tourismus. Betriber, deenen hir Aktivitéite mussen ageschränkt ginn, a mindestens 50% vum Ëmsaz agebousst hunn, sollen dann och vun de Kotisatiounen exoneréiert ginn.

Béid Minister hunn dann och nach en Appell un d‘Fransouse geriicht, sech an der Schoulvakanz fir Allerhellegen (17. Oktober – 2. November) net „onzweckméisseg“ ze deplacéieren. Besonnesch Virsiicht sollten d‘Leit och grad beim Besuch vun eeleren an/oder vulnerabele Persoune gelte loossen. Et ginn awer – fir den Ament jiddefalls – keng Reesbeschränkungen an d‘A gefaasst. Et wäert awer vun den Infektiounszuelen ofhänken, ob dat an der Dauer ka bäibehale ginn.

mat indymedia/par

Illustratioun: An den allermeeschte Groussstied, a méi generell iwwerall do wou vill Leit sech begéinen, ass d‘Maskeflicht op der Dagesuerdnung. © Fran Boloni / unsplash

Related topics Allerhellgen, Covid-19, finanziell Hëllef, Frankräich, Lockdown
Next post Previous post