Search

You may also like

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box
Neiegkeeten

Belsch Giischtercher ouni Schong an ouni Box

Et ass fir déi betraffen net lëschteg, mee eigentlech ass

Spärung um Echangeur Helfenterbréck
Neiegkeeten

Spärung um Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ee weidere Chantier virgesinn ass. Duerch

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg
Neiegkeeten

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg

Vu Mee bis November 2021 gëtt déi 59. Editioun vun

Covid19 zu Lëtzebuerg: eng Iwwersiicht

Covid19 zu Lëtzebuerg: eng Iwwersiicht

Net nëmme bei eisen Noperen, wéi eigentlech a bal ganz Europa, bestëmmt d‘Covid19-Pandemie den Alldag. Um Samschdeg huet de Gesondheetsministère 613 Neiinfektioune gemellt. Et goufen och 10.855 Persounen op de Coronavirus getest.

166 Covid19-Patiente ginn zur Stonn an de Spideeler am Land gefleegt, 43 Intensivstatiounsbetter si beluecht. Leider ginn och nach bal all Dag Affer ze bekloen. D‘Zuel vun de Mënschen déi un de Folge vun der Coronavirusinfektioun verstuerwe sinn, läit aktuell bei 222.

De Coronavirus huet sech den 29. Februar zu Lëtzebuerg ugemellt. Zanterhier sinn am Land ronn 26.500 Persoune positiv getest ginn. Iwwert de Summer hat sech d‘Situatioun bei eis zimmlech berouegt, huet dofir no der Vakanzesaison nees erhieflech zougeholl.

En zweete Lockdown, esou wéi dat beispillsweis am Frankräich an ab nächster Woch dann och an Éisträich de Fall wäert sinn, gëtt den Ament weiderhi vun der Regierung „ausgeschloss“. Et kann awer zu weidere punktuelle Moossname komme wann et noutwenneg sollt ginn.

Illustratioun: © HMP

Related topics Confinement, Covid19, Covid19-Tester, Infektiounszuelen, Iwwersiicht, Lockdown
Next post Previous post