Search

You may also like

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?
International Neiegkeeten

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?

[onionbuzz quiz-id=143][/onionbuzz] Et gi vill bekannte Fraen am Showbiz. Mee

An d‘Netz gaangen
International Neiegkeeten

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze

US-Ausseminister am Afghanistan
International Neiegkeeten

US-Ausseminister am Afghanistan

Et war kee Frëndschaftsbesuch: den Amerikaner huet den Afghanen ze

Portugal am Covid19-Féiwer

Portugal am Covid19-Féiwer

Wéinst den héijen Infektiounszuele spëtzt sech d‘Lag a Portugal zou. Vun haut de Moien un sinn all d‘Bildungsstätten, vun der Crèche iwwert d‘Schoule bis hinn zu den Universitéiten, fir 14 Deeg zou. Déi brittesch Coronavirus Variant (B.1.1.7.) mécht aktuell 13% vun den Neiinfektiounen aus.

De Ministerpresident Antonio Costa huet erkläert datt, datt déi nächst 14 Deeg och net op „Schoul Doheem“ zeréckgegraff gëtt. Den ausgefalene Präsenzunterrecht géif dann an der nächster Vakanz opgeholl ginn. Fir déi Beschäftegt aus essentielle Secteure, gëtt eng Ausnam gemaach. D‘Schoule géifen hinnen hir Kanner zur Betreiung ophuelen, esou de Regierungschef.

Am Kontext vun der ausseruerdentlecher Kabinettssëtzung gouf weiderhin decidéiert, datt kee Public méi an de Verwaltungen a Biergerzenter géif empfaange ginn. D‘Geriichter hätten sech op dréngend Fäll ze begrenzen. Dat fir ze ënnersträichen, wéi ugespaant d‘Lag an dësem Land zur Stonn ass. An tatsächlech brauch et just ee Bléck op d‘Zuele, fir ze verstoe wat lass ass.

Portugal, ee Land mat ronn 10,3 Milliounen Awunner, huet ee Mëttwoch bannent 24 Stonnen eng Well vun Neiinfektiounen erlieft, dat hat et nach net ginn. Mat bal 14.700 Neiinfektiounen (+40% géintiwwer dem Virdag) gouf en neien Héchstwäert ermëttelt. Um Donneschdeg waren et der alles an allem 13.544. Mam oder um Covid19-Virus, si gëschter 219 Mënsche verstuerwen.

Si sinn a gudder Gesellschaft

Wann ee berécksiichtegt, datt Portugal laang Zäit éischter vum Virus verschount gouf, esou schéngt sech zanter dem Hierscht d‘Situatioun ëmmer méi ze verschlechteren. Bezunn op déi vun der EU-Agence ECDC, hu sech bannent de leschte 14 Deeg, 1.215 Mënsche pro 100.000 Awunner mam Covid19 ugestach. Méi schlëmm sinn d‘Zuele just an Irland (1.444) oder Tschechien (1.362).

Laut dem portugisesche Gesondheetsministère, hunn sech zanter den Ausbroch vun der Pandemie, 595.000 Leit infizéiert. 9.686 Persounen hunn de Kampf géint d‘Krankheet verluer. An de Spideeler spëtzt sech d‘Lag och zou: d‘Beleeë vun den Intensivbetter ass bannent enger Woch vu 611 op 702 gestigen. D‘Limitte sinn eigentlech längst iwwerschratt, d‘Personal steet virum Zesummebroch.

Et gëtt weder genuch Personal, nach huet et Reserve bei den Intensivbetter, erkläert d‘Ministesch Marta Temido. Et gëtt evident, datt de portugisesche Gesondheetssystem dëst Ausmooss un Neiinfektiounen net méi an de Grëff kritt. Zanter dem 15 Januar huet et den totale Confinement et dierf ee just ausser Haus fir dat wichtegst anzekafen, an den Télétravail ass Flicht fir jiddereen.

mat indymedia/lis

Illustratioun: © Pedro Santos / unsplash

Related topics Antonio Costa, Confinement, Covid19-Mutatioun, Covid19-Pandemie, Marta Temido, Portugal
Next post Previous post