Search

You may also like

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park
International Neiegkeeten

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Méi Gréngs amplaz Beton fir Büro’en De Blo-Gringen Schäfferot vun

A leschter Instanz bezilt de Wiert d‘Rechnung
International Neiegkeeten

A leschter Instanz bezilt de Wiert d‘Rechnung

Wann ee bedenkt wien net alles un d‘Vernonft an de

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee
International Neiegkeeten

OGBL: Ried vun der Presidentin Nora Back zum 1. Mee

Léif Kolleginnen a Kollegen, Watfireen 1. Mee?!? Fir d‘zweet Joër

Covid19-Poker a Groussbritannien

Iwwer 1.300 Stierffäll bannent 24 Stonne bei wäit iwwert 60.000 Neiinfektioune pro Dag

Covid19-Poker a Groussbritannien

Op der Insel, wou sech zur Stonn eng Covid19-Variant austoobt, sinn an engem Dag nei traureg Rekorder opgestallt ginn. Ronn 68.000 Neiinfektiounen an iwwer 1.300 Doudeger… an zu London ass 1 vun 30 Awunner (a verschidde Quartieren 1 vun 20) Covid19-infizéiert.

Covid19An den USA huet et mat iwwer 290.000 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen, och en neie „Rekord“ ginn

„Mir stinn elo scho virun enger Zerräissprouf an sinn nach net emol beim prognostizéierten Zenith ukomm, deen eis Chrëschtdag an Silvester brénge wäerten“, esou d‘Direktesch vum brittesche Beruffsverband vun de Medeziner, Zainab Najim. Iwwer 1 Millioun Mënschen hunn sech an der Leschter Woch ugestach. Mëttlerweil ass 1 vu 50 Britte „Covid19-Infizéiert“.

Den nationale Gesondheetsdéngscht NHS erwaart nach weider „Spëtzten“, déi éischt ëm de 16./17. Januar. Ee Mataarbechter deen net wëll genannt ginn ass der Usiicht, datt d‘Situatioun net méi ënner Kontroll ass, an et mat Sécherheet nach wäitaus méi schlëmm wäert ginn. De gréisste Problem wier senger Meenung d‘Feststellung, datt d‘Ëffentlechkeet keng Anung huet wat lass ass.

Covid19

Et ass wuel richteg datt vill, fir net ze soen, déi allermeeschte Spideeler hir Opnamekapassitéiten erhéicht hunn, mee et ass net domadder gedoe „Raum ze schafen“, et brauch och déi entspriechend Personalressourcen, an déi gëtt et schlicht net. Zudeem erkranken och ëmmer méi Leit aus dem Gesondheetssecteur, wat weider – ëmmer méi oniwwerwannbar – Problemer mat sech bréngt.

Schlecht virbereet

Datt d‘Regierung sech ëmmer fir kuerzfristeg Léisungen entscheet hätt, géif sech elo als falsch erweisen an déi nei Variant vum Virus, dréit net derzou bäi méi politesch Wäitsiicht erbäizeféieren. Et hätt een de Leit ëmmer eng falsch Impressioun vu Sécherheet vermëttelt, wou jo awer och an der Downing Street misst bekannt sinn, datt Pandemien sech generell bis zu zwee Joer „halen“.

Covid19

An déi als B.1.1.7. bezeechent Covid19-Mutatioun ass iergendwéi net ze bremsen. Sécher wier de Krankheetsverlaf net schlëmmer, an och d‘Vaccine géife weider wierken, mee dofir breet sech dës Variant erschreckend séier aus. Wann dee säi Rhythmus bäibehält a méiglecherweis d‘Féierung bei der Kontaminatioun iwwerhëlt, riskéiert de ganze Gesondheetssystem zesummenzebriechen.

D‘Variant ass allerdéngs och um Kontinent ënnerwee. An ëmmer méi Länner gëtt déi brittesch Mutatioun festgestallt, an eigentlech sollt een unhuelen, datt d‘Regierungen sech entspriechend op dëse Phenomen astellen. Zu Lëtzebuerg awer gouf ee Freideg emol entscheet, de Leit nees eppes méi Fräiheeten zeréckzeginn. De Mann vun der NHS hält dat fir eng riskant a gewote Mesure.

Covid19

Hie gëtt ze bedenken, datt wann sech „Ännerunge“ weisen, vun deenen net gewosst ass wéi en Impakt si mat sech bréngen, a besonnesch wann ee streng Mesuren hat déi vun der Populatioun gedroe ginn, hätt ee vun „Erliichterungen“ sollen ofgesinn. Déi brittesch Variant wier jo och zu Lëtzebuerg an a sengen Nopeschlänner bestätegt ginn, dat misst dach zur Virsiicht ermonteren.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © Etienne Godiard / unsplash

Related topics Covid19, Groussbritannien, Impfcampagne, Kapassitéiten, Mutatioun, NHS
Next post Previous post