Search

You may also like

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang
Neiegkeeten

Projet Rout Lëns – Esch als postindustrielle Bléckfang

Esch bougéiert, an zwar an eng attraktiv, angenehm an artistesch

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung
Neiegkeeten

Pont Viaduc: D’Aarbechte ginn an d’Verlängerung

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt d’Aarbechte vun der Stroossebauverwaltung um

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 1. bis de 7. Februar 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 1. bis de 7. Februar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 1.140 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. Dat sinn der méi wéi an der Woch virdrun (+14%). Och déi identifizéiert enk Kontakter si vun 2.774 op 4.067 (+ 47%) geklommen.

Et goufen 61.488 PCR-Tester gemaach, am Verglach zu 51.337 Tester an der Woch virdrun. Am Ganze goufen 2.465 aktiv Infektioune gemellt, den 31. Januar waren et der nach 2.276. Mëttlerweil komme mir op en Total vu 48.816 geheelte Persounen.

Et ginn 13 Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus ze bekloen. Den Duerchschnëttsalter huet sech net geännert, e läit bei 86 Joer.

Den Duerchschnëttsalter vu Leit, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, ass weider op 34,1 Joer zréckgaangen.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,05% – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,85%. An der leschter Woch waren et 1,95%, en ass e bëssen erofgaangen.

D’Inzidenz läit bei 182 Fäll op 100.000 Awunner a wärend 7 Deeg.

Zu den Hospitalisatiounen

An de Spideeler ass d’Situatioun stabil: Et si 50 Patienten op der normaler Statioun an 13 Patiente ginn intensiv behandelt.

Déi 2 Covid-Zenter um Kierchbierg an zu Esch gi weider gutt besicht. An der leschter Woch waren et 430 Persounen. Zanter der Ouverture vun den Zentre goufe 7.300 Passagë gezielt.

Quarantän an Isolatioun

Et waren 1.155 (+18%) Persounen an der Isolatioun. 4.295 hunn sech a Quarantän befonnt.

De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (38,6%). An der Schoul sinn et 14% an d’Schaff läit bei 4%. Den Taux vu Kontaminatiounen, déi een kenger Quell kann zouzeschreiwe läit bei 32,5%.

Zu den Impfungen

3.190 Leit kruten bis ewell hir éischt Dosis vum Vaccin. D’Zuel vun de Leit, déi eng 2. Dosis kruten, ass däitlech eropgaangen op 2.008 (am Verglach zu 439 déi Woch virdrun).

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage stabil, e schéngt nees liicht erofzegoen. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond!

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfung, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Test, Quarantän, Santé, Update
Next post Previous post