Search

You may also like

„À dieu“ Diktator Idriss Déby Itno
Neiegkeeten

„À dieu“ Diktator Idriss Déby Itno

De selwer ernannte Marschall a President vum Tschad, steet eigentlech

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen
Neiegkeeten

Iwwer 626.000 Awunner zu Lëtzebuerg – méi Bestietnisser, awer och méi Scheedungen

Wärend dem Joer 2019 huet d’Populatioun vu Lëtzebuerg ëm ganzer

Evakuéierung aus Afghanistan: Belschen Detachement mam A400M ënnerwee op Islamabad
Neiegkeeten

Evakuéierung aus Afghanistan: Belschen Detachement mam A400M ënnerwee op Islamabad

Nodeems en Dënschdeg ugekënnegt ginn ass, datt de Militärfliger A400M

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. op den 10. Januar 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. op den 10. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 1.036 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn – dat sinn 9% manner, wéi d’Woch virdrun. Soumat ass et kloer, datt d’Neiinfektiounen duerch déi strikt Moossnamen tatsächlech erofginn. An der Famill gëtt sech nach ëmmer am meeschten ugestach (45%).

Den 10. Januar goufen 2.660 aktiv Infektioune registréiert. Dat sinn der 600 manner wéi déi Woch virdrun. Ganzer 11% vun de gesamten Infektiounen hunn am Ausland stattfonnt, wärend bei engem Drëttel vun den Infizéierten net zeréckverfollegt konnt ginn, wou si sech ugestach hunn.

Et goufen 63.000 PCR-Tester gemaach. Dat ass bal dat Duebelt, wéi an der leschter Woch (ongeféier 34.000). D’Altersmoyenne vun den infizéierte Persoune läit nach ëmmer bei 38,4 Joer. Insgesamt si scho knapp 45.000 Persoune vum Coronavirus geheelt.

Och an de Spideeler huet sech d’Situatioun verbessert, et si 76 Patienten op der normaler Statioun a 25 Patiente ginn intensiv behandelt. D’Inzidenz läit bei 165 op 100.000 Awunner. Et waren 2.279 Persounen an der Isolatioun (-33%). Och 2.283 hunn sech a Quarantaine befonnt -7%.

Wärenddeem ass d’Zuel vun den Doudesaffer nees liicht geklommen. Et goufe 26 Doudesfäll ze bekloen. D’Altersmoyenne läit bei 81 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,06. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

Zu den Impfungen

An der leschter Woch hunn sech 450 Persoune géint de Covid-19 impfe gelooss. Den 10. Januar waren et zënter dem Ufank vun der Impfcampagne am Ganzen 1.700 Leit.

Den 11. Januar huet Lëtzebuerg 2 nei Liwwerunge mat Impfunge kritt – zum engen 4.875 Dose vu BioNTech/Pfizer an 1.200 vu Moderna. D’Mëttel vu Moderna gëtt ab dem 18. Januar an der Hall Victor Hugo gesprëtzt.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen erofgaangen. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Wochen bestätegt ginn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Altersmoyenne, Coronavirus, Covid-19, Doudesfäll, Inzidenz, Isolatioun, LIST, Neiinfektiounen, Ofwaasser, Quarantaine, Réckbléck
Next post Previous post