Search

You may also like

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!
Neiegkeeten

No Joren a Gefaangenschaft: Eis Belugaen sinn zeréck am Mier!

E Freideg Mëtteg huet, no laange Preparatiounen, den Transport vun

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land
Neiegkeeten

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land

Zanter Deeg ass Bolivien am Wiergegrëff vu massive Bëschbränn. Bis

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer
Neiegkeeten

Frevel un der Uelzecht: Waasserverschmotzung fuerdert seng Affer

Um Samschdeg, de 14. September gouf d’Waasserverwaltung mat engem schlëmme

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. bis den 10. Oktober 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 4. bis den 10. Oktober 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 675 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn, dovunner waren 311 komplett geimpft. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 32,7 Joer.

Et goufen 15.544 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 14.621 Tester. 12 Schnelltester ware positiv.

Den 10. Oktober goufen 1.200 aktiv Infektioune gemellt, den 3. Oktober waren et 1.115. Am Ganzen ziele mir 77.159 geheelte Persounen. Zwee Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus si bäikomm.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,99 – en ass soumat stabil. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 4,34%.

Inzidenz läit bei 106 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en och op 93/100.000, en ass e bësse an d’Luucht gaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimlech stabil, et sinn 15 Patienten op der normaler Statioun a 5 Patiente ginn intensiv behandelt.

An der leschter Woch waren 1.382 Persounen an der Isolatioun. 3.456 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Famill ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (30,8%), d’Fräizäit ass mat 6,3% dobäi, d’Schoule mat 18,3% an d’Reese mat 5,9%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 30,8%.

Impfungen: An der Woch vum 4. bis den 10. Oktober gouf am Ganzen 5.867 mol geimpft. Dovunner krute well 2.711 hier zweet Dosis a 1.260 Persounen kruten eng drëtt Dosis. 410.457 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Hei fannt Dir déi nächst Statioune vum Impf-Bus:

  • De 16. Oktober vun 10 bis 13 Auer bei der LuxExpo (HomeExpo)
  • De 16. Oktober vun 08:30 bis 12:30 beim Cactus Bascharage
  • Den 18. Oktober vun 11 bis 15 Auer an der Industriezon Déifferdeng/ Suessem (Haneboesch)
  • Den 20. Oktober vun 11 bis 15 Auer op der Cloche d’Or – boulevard de Kockelscheuer

Iwwerwaachungvum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2: Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichten Presens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impf-Bus, Impfung, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Réckbléck, Schnelltester
Next post Previous post