Search

You may also like

money
AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?
Neiegkeeten

AstraZeneca-Impfstoff – Wat leeft?

Europa sicht händeréngend no Covid19-Impfstoffer. Dat well et engersäits eppes

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?
Neiegkeeten

Eng gutt Fro: Wien schreift d‘Gesetz?

Et ass u sech kee Geheimnis, zumindest wat d‘EU betrëfft,

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen
Neiegkeeten

US-Budget 2021: President wëll Geld fir seng Mauer an nei Atomwaffen

An der Nuecht huet Donald Trump am Kongress säi Budgetsentworf

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 5. bis den 11. Abrëll 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 5. bis den 11. Abrëll 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem Bilan matdeelen, ass d’Zuel vun de positiv op Covid-19 getestete Persoune vun 1.544 op 1.265 erofgaangen, an domat ass och d’Zuel un identifizéierte Kontakter ëm 18 % op 3.122 gefall. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune läit bei 37,5 Joer.

An dësem Kader sollt awer och ervirgehuewe ginn, datt manner getest ginn ass: Waren et an der Woch virdrun nach 79.883 PCR-Tester, esou ziele mir fir d’Woch vum 5. bis den 11. Abrëll just 54.621 Tester. Den 11. Abrëll goufen 3.126 aktiv Infektioune gemellt, de 4. Abrëll waren et 3.624 Am Ganzen ziele mir 59.982 geheelte Persounen.

137 Persounen hunn uginn e Schnelltest gemaach ze hunn.

Zu den Doudesfäll an dem Reproduktiounstaux

D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus sinn bei 12 Fäll mat enger Altersmoyenne vun 84 Joer. Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,96 – en ass soumat liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 2,32 %. An der leschter Woch waren et 1,93 %.

D’Inzidenz läit bei 202 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der Woch virdrun waren et 247 Fäll pro 100.000 Awunner. Dobäi sinn d’Inzidenzen an allen Altersgruppen, bis op d’60 bis 74 Järeger erofgaangen: Bei de 15 bis 29 Järegen gesi mir ee Minus vun 30 %, bei den 30-44 Järegen e Minus vun 22 % a bei den iwwer 75 Järegen e Minus vun 20 %. Et ass iwwregens elo déi éischt Kéier säit September 2020, datt fir d’Alterskategorie iwwer 75 Joer d’Inzidenz mat 123 Fäll op 100.000 wuner esou déif ass.

Hospitalisatioun, Quarantän an Isolatioun

An de Spideeler huet sech d’Situatioun liicht geännert: Mat 104 Patienten op der normaler Statioun ass d’Zuel gesonk, wärend op der Intensivstatioun ee Patient dobäi komm ass (30 Patienten). Déi zwee Consultatiounszentren (CCC) – um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht ze fannen – hunn 12.190 Passagen zënter hirer Ouverture gezielt, wouvunner 682 Passagen an der Woch vum 5. op den 11. Abrëll stattfonnt hunn.

Et waren 3.198 (-8 %) Persounen an der Isolatioun. 3.440 (-33 %) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (48,6 %), d’Educatioun ass mat 4,7 % dobäi an d’Aarbecht mat 3,8 %. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 35,0 %.

Impfungen a Virusmutatiounen

An der leschter Woch goufen am Ganzen 14.973 Persoune geimpft. Dovunner krute well 9.430 hier zweet Dosis. Et gëtt geschat, datt bis Enn Abrëll 2021 am Ganzen 127.840 Persoune geimpft solle sinn.

Zu de Virusmutatioune kann ee soen, datt déi britesch Variant (B.1.1.7) 74,1% vun de Fäll an déi südafrikanesch Variant (B.1.351) 19,4 % vun de Fäll representéiert. Wärenddeem konnte 6 Fäll vun der brasilianescher Variant (P.1) detektéiert ginn.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

D’Presenz vum Covid-19 ass an den dräizéng Kläranlage nach ëmmer staark noweisbar. Eng Tendenz zum Réckgang konnt awer gesi ginn Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Doudesfäll, Gesondheetsministère, Hospitalisatioun, Hospitalisatiounen, Impfungen, Inzidenz, LIST, LNS, Neiinfektiounen, Ofwaasseranalys, PCR-Test, Positiv Fäll, Quarantän, Virusmutatioun
Next post Previous post