Search

You may also like

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Héchsttemperatur vu 56,7 °C

No der leschter Hëtztwell ass wuel jiddweree frou, nees méi

Griicheschen Nazi Christos Pappas festgeholl
Neiegkeeten

Griicheschen Nazi Christos Pappas festgeholl

Nodeems am Oktober 2020 d‘Partei „Chrysi Avgi“ (Gëllene Sonnenopgank) scho

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem
Neiegkeeten

Diplomate-Karussell: Berlin schéckt russeschen Diplomat heem

Nom Besuch vum EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheete Josep Borrell zu

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020

Aus dem Bilan vun dee Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 3.400 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. Dat sinn der 400 Manner wéi an der Woch do virdrun. Wärenddeem stinn d’Spideeler nawell ënner Drock.

Et louchen 172 Covid-Patienten am Spidol, dorënner ware 47 Patienten op der Reha-Statioun.

Am Duerchschnëtt läit e Patient 10 Deeg op der normaler Statioun, respektiv 13 Deeg op der Reha.

Den effektive Reproduktiounstaux geet vun 1.03 op 0.87 erof, d’Inzidenz läit bei 546 op 100.000 Awunner. An der éischter Woch vum Dezember louch dës Zuel bei 606 Fäll.

Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi mam COVID-19 positiv diagnostizéiert goufen, ass vu 40,2 op 39,3 Joer liicht erofgaange.

Et bleift dobäi, datt sech Doheem an am familiären Ëmfeld am meeschten ugestach gëtt. D’Santé huet op 2 Deeg all Fall analyséiert a koum op eng Taux vu 40% vun den Infektiounen doheem.

Bei weidere 40% ass net kloer, wou d’Infektiounen hierkommen. Den Taux vun de Kontaminatioun wou d’Quell net kloer zouzeschreiwen ass bleift héich bei 39,9%.

D’Zuel vun de Persounen déi mam Covid gestuerwe sinn, bleift héich – an der leschter Woch waren dat 43 nei Stierffäll. Dovunner sinn 23 Persounen an de Spideeler verscheet,19 an Altersheemer an eng Persoun ass doheem gestuerwen.

An där leschter Woch goufe 70.300 PCR-Tester gemaach, dovunner ware ronn 42.000 am Large Scale Test. Vun den 3.400 nei Infizéierte goufen am Tracing eng 8.900 Kontakter erausfonnt. Et goufen och vill Isolatiounen – ronn 7.400 Persounen an 9.800 waren an Quarantaine.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 bleift an den dräizéng Kläranlagen héich, wat och op eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser hindeit. Si ass ähnlech wéi an der Woch virdrun. All déi gesammelt Date schéngen e liichten Downtrend unzeginn, obwuel e ganz schwaach bleift. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Wochen bestätegt ginn.

Nach eng praktesch Informatioun

Wärend de Feierdeeg änneren d’Ouvertureszäite vu béide Covid-Consultatiounszenteren um Kierchbierg an zu Esch, grad wéi och op de Statioune vum Large Scale Testing. All dës Horairë stinn um Site covid19.lu.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Dezember 2020, Doudesfäll, Infektiounszuelen, Large Scale Testing, LIST, Ofwaasseranalys, Pandemie, PCR-Tester, Positiv Fäll, Retrospektiv
Next post Previous post