Search

You may also like

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!
Neiegkeeten

OPGEPASST! Versichte Bedruch an der Gemeng Käerjeng!

De Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot vun der Gemeng Käerjeng

Amtsuntrëtt vum Joe Biden: De Charles Michel erënnert un Demokratie a Fridden
Neiegkeeten

Amtsuntrëtt vum Joe Biden: De Charles Michel erënnert un Demokratie a Fridden

Haut dierf den Joe Biden säin Amt als 46. President

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“
Neiegkeeten

What the Fakt – d’Etta James als Ikon vun der „Black Music“

Dës Powerfra ass eent vun de wéinege weiblechen Idoler an

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 11. bis de 17. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 859 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn -17% manner am Verglach zur Woch virdrun. D’Unzuel vun den identifizéierten enke Kontakter ass vun 3.496 op 3.024 erofgaangen.

Ganzer 11% vun den Neiinfizéierte waren am Ausland, wärend ee bei engem Drëttel vun den Infektioune net zeréckverfollegen konnt, wou d’Persoun sech ugestach hunn.

Et goufen 51.274 PCR-Tester gemaach. An der leschter Woch waren et 63.118 Tester. Am Verglach zu den 2.720 aktiven Infektiounen um 10. Januar, louche mir an der vergaangener Woch bei 2.336 aktiven Infektiounen. Och d’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus si vu 26 op 19 erofgaangen. D’Altermoyenne läit do bei 77 Joer – an d’Altersmoyenne vun den infizéierte Persoune läit nach ëmmer bei 38,7 Joer. Dat ass e stabille Wäert.

Am Ganze konnten 45.997 Persoune geheelt ginn.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,92. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,68%. An der leschter Woch waren et 1,64%. Dës Zuel ass soumat och stabil.

Och an de Spideeler huet sech d’Situatioun verbessert: Et sinn 69 Patienten op der normaler Statioun an 21 Patiente ginn intensiv behandelt.

D’Inzidenz läit bei 137 op 100.000 Awunner. Fir d’Woch vum 4. Januar waren et 165 Fäll op 100.000 Awunner.

Dës weidere waren 2.052 Persounen an der Isolatioun (-10%), wärend sech 2.379 Personen a Quarantaine befonnt hunn (+7%).

Fir déi 859 nei Fäll, ass de Familljekrees nach ëmmer déi Plaz, wou sech am Meeschten ugestach gëtt (44,2%). No enger Rees sinn et 10,8%. Infektiounen déi net eendeiteg anzeuerdne si, leie bei 30,3%.

An der leschter Woch hunn sech 2.053 Persounen impfe gelooss. Am Ganze waren et 5.294 Leit.

Neien Testzentrum zu Miersch

Den 23. Januar ass et souwäit: Fir den Accès ze verbesseren, mécht den Testzentrum a Roost seng Dieren zou. Dofir ginn de 25. Januar, um 7 Auer moies d’Dieren zu Miersch (77, route d’Arlon) op.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage liicht eropgaangen. En ass awer stabil. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfung, Neiinfektiounen, Pandemie, PCR-Tester, Quarantaine, Réckbléck, Santé, Testzentrum
Next post Previous post