Search

You may also like

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“
Neiegkeeten

Schëffleng: Ausstellung „Am Laf vun der Zäit“

Déi flott geduechten a ganz aluedend Galerie „Schëfflenger Konschthaus“ mécht

Kenns du di däitsch Nimm vun dësen Uertschaften, Häff a Lieu-Diten?
Neiegkeeten

Kenns du di däitsch Nimm vun dësen Uertschaften, Häff a Lieu-Diten?

[onionbuzz quiz-id=46][/onionbuzz] Datt Uertschaften hei am Land e puer Nimm

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei
Neiegkeeten

Fir eng liberal-ekologesch an erkläert pro-europäesch Slowakei

Si hunn sech bis zur leschter Sekonn engagéiert, en ambitiéisen

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 12. bis den 18. Juli 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 12. bis den 18. Juli 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 727 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 27,7 Joer.

Et goufen 49.879 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 43.303 Tester. 9 Schnelltester ware positiv.

Den 18. Juli goufen 1.498 aktiv Infektioune gemellt, den 11. Juli waren et 1.553. Am Ganzen ziele mir 70.666 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie bei zwee Fäll. Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,89 – en ass soumat erëm erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,46%. An der leschter Woch waren et 1,91%.

Inzidenz läit bei 115 Fäll pro 100.000 Awunner wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 130/100.000, en ass hei liicht erofgaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimlech stabil, et sinn 8 Patienten op der normaler Statioun an 4 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 1.965 Persounen an der Isolatioun. 1.801 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Famill ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (25,2%), d’Fräizäit ass mat 16,7% dobäi, d’Reesen mat 8,2% an den Educatiounsberäich mat 8,6%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 35,3%.

Impfungen: An der Woch vum 13. bis den 18. Juli gouf am Ganzen 38.367 mol geimpft. Dovunner krute well 24.909 hier zweet Dosis. 309.600 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachungvum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2:Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage d’selwecht wéi an der leschter Woch – en ass e bësse méi héich. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Covid-19, Impfung, Inzidenz, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Quarantän, Réckbléck, Schnelltester
Next post Previous post