Search

You may also like

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“
Neiegkeeten

Éischt Impfungen an de Fleegeheemer: „Ech hunn dëse Vaccin ongedëlleg erwaart“

Gëschter kruten d’Residenten vum Haus St Jean de la Croix

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus
Neiegkeeten

Editorial: D’Zesummespill vun Terrorismus a Journalismus

Terroristesch Attentater treffen net nëmmen d’Affer iwwerraschend, mee schockéieren och

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“
Neiegkeeten

D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“

Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA),

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 15. bis den 21. Februar 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 15. bis den 21. Februar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 1.249 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. Dat sinn der 15 méi wéi an der Woch virdrun (+13,7%). D’Altermoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 38,1 Joer.

Et goufe 60.717 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 70.617 Tester. Den 21. Februar goufen 2.613 aktiv Infektioune gemellt, de 14. Februar waren et der 2.597. Am Ganzen ziele mir 50.931 geheelte Persounen.

Zu den Doudesfäll, dem Reproduktiounstaux an den Hospitalisatiounen

Och d’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus sinn eropgaangen: Et sinn der 5 méi wéi an der Woch virdrun – also 16. D’Altersmoyenne läit do bei 80 Joer.

Den effektiven Reproduktiounstaux läit bei 1,05 – en ass soumat liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 2,06%. An der leschter Woch waren et 1,56%.

Inzidenz ass bei 200 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 176/100.000, en ass och hei liicht eropgaangen.

An de Spideeler ass d’Situatioun onverännert a stabil, et sinn 59 Patienten op der normaler Statioun a 15 Patiente ginn intensiv behandelt.

Quarantän an Isolatioun

Et waren 2.511 (+4) Persounen an der Isolatioun. 2.747 (-28) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (45,6%), dono kënnt d’Fräizäit mat 5.7% an d’Aarbecht mat 4,8%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 34,9%.

Impfungen

An der Woch vum 15. bis de 21 Februar gouf am Ganzen 8.092 mol geimpft. Dovunner krute well 2.088 hier zweet Dosis. Et ass virgesinn, datt bis Enn Mäerz 66.480 Persounen hier Impfung kritt sollten hunn.

Virusmutatiounen

Déi britesch Variant gouf 76 mol detektéiert (57,6%), déi südafrikanesch Variant nëmme sechs mol (4,5%).

Déi brasilianesch Variant konnt net detektéiert ginn.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen eropgaangen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfungen, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Quarantän, Réckbleck, Virusmutatioun
Next post Previous post