Search

You may also like

Fotoausstellung vu Stand Speak Rise Up! am Meliā Luxembourg
Neiegkeeten

Fotoausstellung vu Stand Speak Rise Up! am Meliā Luxembourg

D’Associatioun Stand Speak Rise Up! invitéiert op seng nei Fotoausstellung

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam
Neiegkeeten

Keinachtsbaum – Echt Chrëschtbeemchen-Erliefnis ouni richtege Bam

Jo mir wëssen, et ass nach fréi, fir un déi

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren
Neiegkeeten

Dem Yves Cruchten säi Versuch de Budget gutt ze presentéieren

Et léisst sech net bestreiden, datt et aus strikt wirtschaftlecher

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 17. bis den 23. Mee 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 17. bis den 23. Mee 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 495 (-35,0%) Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altermoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 31,1 Joer. Et goufen 72.118 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 49.715 Tester. 206 Leit hunn e positive Schnelltest gemellt.

Den 23. Mee goufen 1.1283 aktiv Infektioune gemellt, de 16. Mee waren et der 1.727. Am Ganzen ziele mir 67.483 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie bei 3 Fäll, déi sinn erofgaangen. D’Altersmoyenne läit do bei 78 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,81 – en ass soumat stabil. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 0,69%. An der leschter Woch waren et 1,46%.

Inzidenz läit bei 78 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 115/100.000, en ass och hei liicht erofgaangen.

An de Spideeler ginn 28 Patienten op der normaler Statioun an 19 Patienten intensiv behandelt.

Et waren 1.662 (-18,9%) Persounen an der Isolatioun. 1.898 (-29,7%) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (40,5%), d’Educatioun ass mat 5,6% dobäi an d’Aarbecht mat 3,5%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 39,5%.

Impfungen: An der Woch vum 17. bis den 23. Mee gouf am Ganze 34.967 mol geimpft. Dovunner krute well 13.537 hier zweet Dosis.

Virusmutatiounen: Déi britesch Variant representéiert 79 % an déi südafrikanesch Variant 5,7% vun de Fäll. Déi brasilianesch Variant ass bei 3,7% an déi indesch Variant läit bei 3,9% vun de Fäll.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2: Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen erofgaangen. Am Verglach zu de leschte Wochen ass dat kloer ze gesinn. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond!

Related topics Covid-19, Covid19-Mutatioun, Heelung, Hospitalisatioun, Impfung, Isolatioun, Kontaminatioun, Neiinfektiounen, Ofwaasseranalys, PCR-Tester, Quarantaine, Réckbléck, Santé
Next post Previous post