Search

You may also like

95.000 Impfunge pro Woch
Neiegkeeten

95.000 Impfunge pro Woch

Datt Politiker, déi sech wärend dem Ausübe vun hirem Mandat

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen
Neiegkeeten

Omega 90 kann e produktiivt Joer virweisen

Bei de Generalversammlung am „Omega Haus“ huet de President vun

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer
Neiegkeeten

Méi Gezwitschers, méi Geld, d’selwecht vill Problemer

Endlech mol positiv Noriichten aus dem Haus vum Gezwitscher! Twitter

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 18. bis de 24. Januar 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 18. bis de 24. Januar 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 843 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. Dat si knapp 2% manner, wéi an der Woch virdrun. D’Unzuel vun den identifizéierten enke Kontakter ass vun 3.024 op 2.760 (-9%) erofgaangen.

Et goufe 44.417 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et der 51.274 an der Woch virdrun. De 24. Januar goufen 2.065 aktiv Infektioune gemellt, de 17. Januar waren et 2.408. Am Ganze si mir bei 47.100 geheelte Persounen.

Och d’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus sinn vun 19 op 8 erofgaangen. D’Altermoyenne läit do bei 79 Joer, wärend d’Altersmoyenne vun den infizéierte Persoune weiderhin bei 39,3 Joer läit.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,05, an ass soumat liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, dass eng infizéiert Persoun am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,90%. An der leschter Woch waren et 1,68%.

Och an de Spideeler huet sech d’Situatioun verbessert: 62 Patienten sinn op der normaler Statioun a 15 Patiente ginn intensiv behandelt.

Déi zwee Covid-19 Zentren – um Kierchbierg an zu Esch – hunn säit hirer Ouverture am Ganzen 6.481 Passagen enregistréiert. Mat 283 Persounen fir d’Woch vum 18. bis de 24. Januar ass dës Zuel bal identesch mat där vun der Woch virdrun (266 Passagen). Duerch de Réckgang vun de Passagë wäerten Ëffnungszäiten ab dem 1. Februar adaptéiert ginn.

Dann ass all Dag vun 10 bis 15 Auer op – och de Weekend an iwwer Feierdeeg.

Quarantaine, Isolatioun an Impfung

D’Inzidenz läit bei 135 op 100.000 Awunner. Et waren 1.837 Persounen an der Isolatioun (-10%). 2.486 hunn sech a Quarantaine befonnt (+5%). Fir déi 843 nei Fäll, ass de Familljekrees nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (38,2%). No enger Rees sinn et 6,6 %. Infektiounen déi net eendeiteg anzeuerdne sinn, leie bei 33,7 Prozent.

An der leschter Woch hunn sech 3.956 Persounen impfe gelooss. 2.712 Persounen hunn déi éischt Dosis kritt, 1.244 krute well déi zweet. Am Ganze goufen 8.554 Leit geimpft.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage stabil, et schéngt manner ze ginn. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Coronavirus, Covid19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfung, Isolatioun, Januar 2021, LIST, Ofwaasseranalys, Quarantaine, Réckbléck, Reproduktiounstaux, Santé
Next post Previous post