Search

You may also like

money
Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten
Uncategorized

Douanestaxen: D‘OECD rifft op de Multilateralismus ze retten

De Generalsekretär vun der OECD, Angel Gurria, huet um Donneschdeg

Andréck vum Europadag zu Schengen (Galerie)
Uncategorized

Andréck vum Europadag zu Schengen (Galerie)

Et war mat Ofstand een vun de trauregsten, an awer

Wirtschaftlech Reprise am Frankräich
Uncategorized

Wirtschaftlech Reprise am Frankräich

Vun haut un soll et also bei eise franséischen Noperen

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 21. bis den 27. Juni 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 21. bis den 27. Juni 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem Bilan matdeelen, ass d’Zuel vun de positiv op Covid-19 getestete Persoune vun 90 op 107 (19 %) liicht geklommen. Gläichzäiteg ass d’Zuel un identifizéierte Kontakter vun 396 op 353 (-11,1 %) erofgaangen. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune läit bei 28,4 Joer.

Waren et an der Woch virdrun nach 46.365 PCR-Tester, déi gemaach gi sinn, esou ziele mir fir dës Woch just 39.181 Tester. Bei 17 Persounen ass de Schnelltest positiv ausgefall. Zënter der Aféierung vun dëse Schnelltester goufe 513 Infektioune gemellt. Si ginn allerdéngs net am Positivitéitstaux agerechent.

Den 27. Juni goufen 142 aktiv Infektioune gemellt, den 20. Juni waren et der nach 234. Am Ganzen ziele mir 69.682 geheelte Persounen.

Hospitalisatioun, Quarantän an Isolatioun

Et ass ewell déi drëtt Woch, an där keen neien Doudesfall bäikomm ass. Dat war fir d’lescht an der Woch vum 21. bis de 27. September 2020 de Fall. Ma, och an de Spideeler gesäit d’Lag gutt aus. Op der normaler Statioun leien 3 Patient, wärend op der Intensivstatioun nach 2 Patienten op Besserung hoffen. Hiren Altersduerchschnëtt läit bei 60 Joer.

Et waren 287 (-38 %) Persounen an der Isolatioun, 370 (-28 %) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (21,5%). Duerno kommen d’Auslandsreesen mat 15 %, Fräizäitaktivitéite mat 13,1 % an d’Educatioun mat 8,3 %.

Den effektive Reproduktiounstaux ass op 0,92 geklommen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 0,27%.

D’Inzidenz läit bei 17 Fäll pro 100.000 Awunner wärend 7 Deeg. An der Woch virdrun waren et nach 14 Fäll pro 100.000 Awunner. Dobäi ass d’Inzidenz besonnesch an der Altersgrupp vun den 15 bis 29 Järegen (+108 %) an de 45 bis 59 Järegen (+40 %) geklommen., wärend d’Alterskategorie vun den 0-14 Järegen elo e Minus vu 34 % verzeechent.

Impfungen a Virusmutatiounen

An der leschter Woch goufen am Ganzen 44.062 Dosen verimpft. 35.613 Persounen kruten hier éischt an 8.448 déi zweet Dosis. Bis ewell kënne schonn 232.222 Persounen virweisen, datt si färdeg geimpft sinn.

Bei de Virusmutatioune verweist d’Santé elo op d’Resultater vum LNS.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

D’Ofwaasser-Analysen an den 13 Kläranlage weisen eng Tendez no ënnen zënter e puer Wochen. D’CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Bilan, Covid-19, Hospitalisatioun, Impfung, Inzidenz, Isolatioun, Mutatioun, Neiinfektiounen, Ofwaasseranalys, Quarantän, Santé
Next post Previous post