Search

You may also like

Déierefleegerin am Zürecher Zoo vun Tiger ugefall
Neiegkeeten

Déierefleegerin am Zürecher Zoo vun Tiger ugefall

Um Samschdeg kuerz no 13 Auer ass et an am

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!
Neiegkeeten

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

dislike
Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch
Neiegkeeten

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

De Paräisser Fussballclub PSG (Paris St.Germain) bezilt fir den Transfert

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 24. bis den 30. Mee 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 24. bis den 30. Mee 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem Bilan matdeelen, ass d’Zuel vun de positiv op Covid-19 getestete Persoune vun 495 op 354 (-28,5 %), wéi och d’Zuel un identifizéierte Kontakter vun 1.757 op 1.298 (-40,6 %) erofgaangen. Zënter 9 Wochen ass elo schonn eng Baisse vun den Zuelen bei den Neiinfektioune ze erkennen. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune läit bei 32,6 Joer.

An dësem Kader sollt awer och ervirgehuewe ginn, datt manner getest ginn ass: Waren et an der Woch virdrun nach 72.118 PCR-Tester, esou ziele mir fir d’Woch vum 24. Mee just nach 44.490 Tester. Den 30. Mee goufen 878 aktiv Infektioune gemellt, den 23. Mee waren et der nach 1.283. Am Ganzen ziele mir 68.238 geheelte Persounen.

209 Persounen hunn uginn e Schnelltest gemaach ze hunn.

Hospitalisatioun, Quarantän an Isolatioun

Bei den Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie mir bei 4 Fäll mat enger Altersmoyenne vun 71 Joer.

An de Spideeler huet sech d’Situatioun gebessert: Mat 19 Patienten op der normaler Statioun ass d’Zuel gesonk, an och op der Intensivstatioun konnt een vun 19 op 13 Persounen erofgoen.

Et waren 1.169 (-29,7 %) Persounen an der Isolatioun. 1.128 (-40,6 %) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (46,2%), d’Educatioun ass mat 5,1 %, d’Fräizäit mat 3,7 %, d’Aarbecht mat 2,7 % an Auslandsreesen mat 2,3%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 38,8%.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,81. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 0,80%.

D’Inzidenz läit bei 56 Fäll pro 100.000 Awunner wärend 7 Deeg. An der Woch virdrun waren et nach 78 Fäll pro 100.000 Awunner. Dobäi ass d’Inzidenz besonnesch an der Altersgrupp vun den 0-14 Järegen (-41 %) an den iwwer 75 Järegen (-40%) erofgaangen.

Impfungen a Virusmutatiounen

An der leschter Woch goufen am Ganzen 25.682 Dosen verimpft. Et sief betount, datt am Verglach zu den Erwaardunge manner Dose geliwwert gi sinn. 7.001 Persounen kruten hier éischt an 18.681 déi zweet Dosis.

Zu de Virusmutatioune kann ee soen, datt déi britesch Variant (B.1.1.7) 78,9% vun de Fäll , déi indesch Variant (B.1.617.2) 7,5% vun de Fäll, déi südafrikanesch Variant (B.1.351) 2,5 % vun de Fäll an déi brasilianesch Variant (P.1) 2,2 % vun de Fäll bei de 495 Echantillonen representéiert huet.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Duerch de Feierdag huet de LIST just een Echantillon am Ofwaasser fir dës Period geholl. D’CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Duerch déi positiv Evolutioun vun der sanitärer Situatioun wäert de Gesondheetsministère ab elo net méi all Weekend Donnéeën zum Covid-19 matdeelen. D’Statistike vun de Weekender kënne weiderhin op www.covid19.lu an op data.public.lu gekuckt ginn.

Related topics Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfung, Inzidenz, Isolatioun, LNS, Neiinfektiounen, Pandemie, Quarantän, Réckbléck, Santé, Virusmutatioun
Next post Previous post