Search

You may also like

Rëschtungsausgabe fir 2020: zwou Billiounen US-Dollar
Neiegkeeten

Rëschtungsausgabe fir 2020: zwou Billiounen US-Dollar

De Stockholmer Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet säi Bericht zu de Rëschtungsausgabe

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse
Neiegkeeten

European Hillrace 2019: D’Gewënner vun der Biergcourse

Fir d’Visiteure war den European Hillrace 2019 nees een rasant

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden
Neiegkeeten

Taxi a VLC: Folgend Upassunge sollen 2022 a Kraaft trieden

De Regierungsrot huet en Avant-Projet ugeholl, deen d’Gesetz vum 5.

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee 2021

Wéi de Gesondheetsministère, den LNS an de LIST an hirem Bilan matdeelen, ass d’Zuel vun de positiv op Covid-19 getestete Persoune vun 1.231 op 1.119 (-9 %) erofgaangen, an domat ass. D’Zuel un identifizéierte ass wärenddeem Kontakter vun 2.517 op 2.967 (+ 18 %) eropgaangen. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune läit bei 27,4 Joer.

An dësem Kader sollt awer och ervirgehuewe ginn, datt manner getest ginn ass: Waren et an der Woch virdrun nach 54.045 PCR-Tester, esou ziele mir fir d’Woch vum 26. Abrëll just 50.968 Tester. Den 2. Mee goufen 2.584 aktiv Infektioune gemellt, de 25. Abrëll waren et der nach 2.806. Am Ganzen ziele mir 64.094 geheelte Persounen.

190 Persounen hunn uginn e Schnelltest gemaach ze hunn.

Zu den Doudesfäll an dem Reproduktiounstaux

Bei den Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie mir bei 9 Fäll mat enger Altersmoyenne vun 76 Joer. Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,93. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 2,2 %.

D’Inzidenz läit bei 176 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der Woch virdrun waren et nach 194 Fäll pro 100.000 Awunner. Dobäi ass d’Inzidenz besonnesch an der Altersgrupp vun den iwwer 75 Järegen erofgaangen (-41 %).

Hospitalisatioun, Quarantän an Isolatioun

An de Spideeler huet sech d’Situatioun liicht geännert: Mat 58 Patienten op der normaler Statioun ass d’Zuel gesonk, wärend op der Intensivstatioun nach ëmmer 34 Persoune versuergt ginn. Déi zwee Consultatiounszentren (CCC) – um Kierchbierg an zu Esch-Uelzecht ze fannen – hunn 13.545 Passagen zënter hirer Ouverture gezielt, wouvunner 363 Passagen an der Woch vum 26. Abrëll bis den 2. Mee stattfonnt hunn.

Et waren 2.734 (-4 %) Persounen an der Isolatioun. 3.641 (+28 %) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (42,2 %), d’Educatioun ass mat 4,8 %, d’Aarbecht mat 3,7 % an d’Fräizäit mat 3,7 %. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 39,8%.

Impfungen a Virusmutatiounen

An der leschter Woch goufen am Ganzen 21.750 Dosen verimpft. Dovunner krute well 17.859 Persounen hier éischt Dosis an 3.891 déi zweet Dosis. Et gëtt geschat, datt bis Enn Abrëll 2021 am Ganzen 127.840 Persoune geimpft solle sinn.

Zu de Virusmutatioune kann ee soen, datt déi britesch Variant (B.1.1.7) 85,3 % vun de Fäll , déi südafrikanesch Variant (B.1.351) 10,4 % vun de Fäll an déi brasilianesch Variant (P.1) 1,2 % vun de Fäll representéiert.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

D’Presenz vum Covid-19 ass an den dräizéng Kläranlage nach ëmmer staark noweisbar. Eng Tendenz zum Réckgang konnt awer gesi ginn Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Altersmoyenne, Bilan, Covid-19, Doudesfäll, Gesondheetsministère, Impfung, Isolatioun, LIST, LNS, Neiinfektiounen, Ofwaasseranalys, PCR-Tester, Quarantän, Réckbléck, Reproduktiounstaux
Next post Previous post