Search

You may also like

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren
Neiegkeeten

Emanzipatioun a Saudiarabien: Och eng Fra dierf mam Auto fueren

A Saudiarabien ass eng historesch Entscheedung getraff ginn: am eenzege

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do
Neiegkeeten

Déi siwent Editioun vum EDI – Infomagasinn fir Elteren ass do

An dëser Ausgab vum EDI – Infomagasinn fir Elteren geet

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November
Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 16. bis den 22. November

An der Woch vum 16. op den 22. November ass

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 26. Juli bis den 1. August 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 439 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn, dovunner waren der 73 komplett geimpft. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 30,8 Joer.

Et goufen 46.244 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 43.738 Tester. 8 Schnelltester ware positiv.

Den 1. August goufen 956 aktiv Infektioune gemellt, den 25. Juli waren et 1.239. Am Ganzen ziele mir 72.212 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 0.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,80 – en ass soumat erëm erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 0,95%. An der leschter Woch waren et 1,29%.

Inzidenz läit bei 69 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 89/100.000, en ass hei liicht erofgaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimlech stabil, et sinn 19 Patienten op der normaler Statioun a 5 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 1.309 Persounen an der Isolatioun. 717 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Famill ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (34,9%), d’Fräizäit ass mat 10,4% dobäi an d’Reese mat 12,6%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 34,2%.

Impfungen: An der Woch vum 26. Juli bis den 1. August gouf am Ganzen 26.788 mol geimpft. Dovunner krute well 22.811 hier zweet Dosis – an 91. Persounen kruten eng drëtt Dosis.

355.891 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

Iwwerwaachungvum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2: Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage d’selwecht wéi an der leschter Woch – en ass e bëssen héich, mee stabil. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Doudesfall, Hospitalisatioun, Impfung, Inzidenz, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Test, Quarantän, Schnelltest
Next post Previous post