Search

You may also like

Doris Kaiser an Anna Recker: Konschtausstellung um Fridbësch
Neiegkeeten

Doris Kaiser an Anna Recker: Konschtausstellung um Fridbësch

Vum 4. bis den 19. September 2021 wäerten d’Artistinnen Doris

Fir de klengen Honger an der Mëttegstonn
Neiegkeeten

Fir de klengen Honger an der Mëttegstonn

Sponsored Story – Wann dovunner rieds ass, datt mir, esou

Et wäert ee mussen den éischte Schratt maachen
Neiegkeeten

Et wäert ee mussen den éischte Schratt maachen

Scho ganzer véier Drénglechkeetssëtzungen, huet sech den UN-Sécherheetsrot wéinst de

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Juni bis den 4. Juli 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Juni bis den 4. Juli 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 787 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 28,9 Joer.

Et goufe 35.372 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 39.181 Tester. De 4. Juli goufen 826 aktiv Infektioune gemellt, de 27. Juni waren et 140. Am Ganzen ziele mir 69.785 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie bei 0 Fäll.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 2,08 – en ass soumat erëm staark eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 5,95%. An der leschter Woch waren et 0,95%.

Inzidenz läit bei 124 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 17 pro 100.000 Awunner, en ass och hei liicht eropgaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimmlech entspaant, et sinn 3 Patienten op der normaler Statioun an 1 Patient gëtt intensiv behandelt.

Et ware 589 Persounen an der Isolatioun. 1.790 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Fräizäit ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (33,6%), d’Famill ass mat 9,8% dobäi, d’Reese mat 6,2% an den Educatiounsberäich mat 3,9%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 38,7%.

Impfungen: An der Woch vum 28. Juni bis de 4. Juli gouf am Ganze 50.026 mol geimpft. Dovunner krute well 28.078 hier zweet Dosis. 259.247 Persoune si vollstänneg geimpft.

Virusmutatiounen: Déi indesch Variant (Delta) läit bei 60,8%, déi brasilianesch Variant (Gamma) representéiert 24,1% vun de Fäll, déi Britesch (Alpha) ass mat 10,1% vun de Fäll dobäi an déi südafrikanesch Variant (Beta) representéiert 2,8% vun de Fäll.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2: Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen eropgaangen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Covid-19, Heelung, Hospitalisatioun, Impfung, Inzidenz, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Quarantän, Réckbléck, Virusmutatioun
Next post Previous post