Search

You may also like

De Staatslabo (LNS) ënnerstëtzt Test-Teamer bei hirem Asaz an de Schoulen
Neiegkeeten

De Staatslabo (LNS) ënnerstëtzt Test-Teamer bei hirem Asaz an de Schoulen

De Staatslabo setzt seng zentral Roll am Kampf géint de

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

De 15. Mee steet ganz am Zeeche vun der Famill.

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019
Neiegkeeten

Nordspidol verëffentlecht Joresbericht 2019

Wann een de Rapport zu den Aktivitéite vum Nordspidol (CHdN)

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Dezember an 3. Januar

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 28. Dezember an 3. Januar

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 1.135 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. Virdru waren et der 1.267. Dës Zuele sinn awer mat Virsiicht ze genéissen, nach kann een net soen, wéi eng Auswierkungen d’Feierdeeg op dat aktuellt Geschéien hunn.

33.948 Persoune goufe wärend der leschter Woch op de Coronavirus getest. Déi Woch virdru waren et der nach 49.875. Och d’Zuel vun de Kontakter déi infizéiert Persounen haten ass zeréckgaangen.

Et goufen 33.948 PCR-Tester gemaach, dat sinn der däitlech manner wéi déi Woch virdrun (49.875).

D’Lescht Woch goufen 2.106 Kontakter identifizéiert. Déi Woch virdru waren et der nach 3.207. Dëst ass ee Réckgang vu 34 Prozent. Den 3. Januar waren 3.114 Infektiounen hei am Land gemellt, an der Woch virdrun, den 27. Dezember waren et 4.955. Mëttlerweil ginn et 43.364 geheelte Persounen, dat sinn der 2.908 méi wéi an der leschter Woch. Och bei den Doudesaffer huet sech d’Situatioun verbessert. Et sinn 22 Persounen um Coronavirus gestuerwen, dat sinn der 14 manner wéi an der leschter Woch.

D’Altersmoyenne läit bei 85 Joer. Déi effektiv Reproduktiounsrat läit bei 0,93.  Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Inzidenz läit bei 181 op 100.000 Awunner. Et bleift dobäi, datt sech Doheem an am familiären Ëmfeld am meeschten ugestach gëtt, dëst ass bei 51,4% de Fall. Bei weideren 28% ass net kloer, wou d’Infektiounen hierkommen.

Déi mutéiert Variant gouf bei 3 Persounen am Land nogewisen. Zënter dem 24. Dezember ginn all Persounen aus Groussbritannien systematesch kontrolléiert.

Tëscht dem 28. Dezember an dem 3. Januar waren 134 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 32 Intensivpatienten. An der Woch virdru waren et 135, respektiv 37 Persounen.

Et waren 3.466 Persounen an der Isolatioun (-25 %). 2.440 hunn sech a Quarantän befonnt (-37%). D’Situatioun an de Spideeler huet sech verbessert – vun der Phase 4 an d’Phase 3.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen erofgaangen. Dësen Trend muss an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Related topics Chrëschtdag, Coronavirus, Feierdeeg, Infektiounszuelen, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Réckbléck, Silvester
Next post Previous post