Search

You may also like

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

D’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonke steet bei all Enseignant am Mëttelpunkt!
Neiegkeeten

D’Wuelbefanne vun de Kanner a Jonke steet bei all Enseignant am Mëttelpunkt!

SEW/OGBL a Landesverband ënnerstëtzen den Educatiounsminister a sengem Bestriewe fir

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken
Neiegkeeten

OGBL: De Frontalieren hir Zukunft bestäerken

De Finanzministère vu Frankräich huet elo just d’Ënnerschreiwe vun engem Ofkomme

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 29 Mäerz. bis den 4. Abrëll 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 29 Mäerz. bis den 4. Abrëll 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 1.544 (-8,4%) Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altermoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 36,5 Joer.

Et goufen 79.883 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 67.052 Tester. Den 4. Abrëll goufen 3.556 aktiv Infektioune gemellt, de 28. Mäerz waren et 3.571. Am Ganzen ziele mir 58.302 geheelte Persounen.

Zu den Doudesfäll an dem Reproduktiounstaux

D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus sinn bei 19 Fäll. D’Altersmoyenne läit do bei 79 Joer. Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,88 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,93%. An der leschter Woch waren et 2,15%.

D’Inzidenz läit bei 247 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 269/100.000, en ass och hei liicht eropgaangen.

Hospitalisatioun, Quarantän an Isolatioun

An de Spideeler ass d’Situatioun an d’Luucht gaangen, et sinn 111 Patienten op der normaler Statioun an 29 Patiente ginn intensiv behandelt.

Et waren 3.466 (+9) Persounen an der Isolatioun. 4.732 (-13) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (34,5%), d’Educatioun ass mat 4,5% dobäi an d’Aarbecht mat 4%. Den Taux, deen kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 47,9%.

Impfungen

An der Woch vum 29. Mäerz bis de 4. Abrëll gouf am Ganzen 19.333 mol geimpft. Dovunner krute well 4.093 hier zweet Dosis.

Virusmutatiounen

Déi britesch Variant representéiert 74,1% an déi südafrikanesch Variant 18,1% vun de Fäll.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage eropgaangen. En ass staark noweisbar. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond!

Related topics Coronavirus, Covid-19, Doudesfäll, Hospitalisatioun, Impfungen, Isolatioun, Neiinfektioun, Ofwaasseranalys, Quarantän, Réckbléck, Virusmutatioun
Next post Previous post