Search

You may also like

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?
Neiegkeeten

Covid19-Pandemie: War dach alles net esou Schlëmm?

Datt een den Informatiounen am Netz net blannemännerches soll gleewen,

Dee ganz besonnesche Filmfestival
Neiegkeeten

Dee ganz besonnesche Filmfestival

Fir d‘Frënn der eppes méi usprochsvoller an deels méi exotescher

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?
Neiegkeeten

Wéi fonctionnéiert en Handelskrich?

Et gëtt dëser Deeg vill iwwert en Handelskrich tëscht den

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 13. bis de 19.

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 13. bis de 19.

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d’lescht Woch ronn 542 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn, dovunner waren 168 komplett geimpft. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 29,5 Joer.

Et goufen 28.992 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 29.633 Tester. 8 Schnelltester ware positiv. Den 19. September goufen 1.039 aktiv Infektioune gemellt, den 12. September waren et 1.067. Am Ganzen ziele mir 75.467 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 0 Fäll.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,98 – en ass soumat liicht erofgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,87%.

Inzidenz läit bei 85 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 87/100.000, en ass hei ganz liicht erofgaangen. An de Spideeler ass d’Situatioun zimlech stabil, et sinn 21 Patienten op der normaler Statioun an 9 Patiente ginn intensiv behandelt.

An der leschter Woch waren 1.250 Persounen an der Isolatioun. 1.456 hunn sech a Quarantän befonnt. D’Famill ass déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (30,9%), d’Fräizäit ass mat 5,0% dobäi an d’Reese mat 25,5%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 27,8%.

Zeenario 4 an der Vauban – esou wéi am Franséische Lycée vu Lëtzebuerg:

E Schoul-Foyer aus dëse Schoulen hat an der Woch vum 13. bis den 19 September ënnerschiddlech positiv Fäll. Dëst huet zu engem Zeenario 4 gefouert. An dësem Kader gouf a béide Schoule beschloss, datt Omgeimpften a Schüler, déi de Virus nach net haten a Quarantän kommen.

Impfungen

An der Woch vum 13. bis den 19. September gouf am Ganzen 5.384 mol geimpft. Dovunner krute well 2.446 hier zweet Dosis – an 59 Persoune kruten eng drëtt Dosis. 401.415 Persoune sinn vollstänneg geimpft. Statioune vum Impfbus kënne reegelméisseg hei agesi ginn:

www.covidvaccination.l

Iwwerwaachungvum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlage d’selwecht wéi an der leschter Woch – en ass e bësse geklommen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Illustratioun: © Martine de Lagardère /moien.lu

Related topics Covid19, Covid19-Réckbléck, Impfbus, Impfcampagne, Looss dech impfen
Next post Previous post