Search

You may also like

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!
Neiegkeeten

Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

Kapsel Kaffi, dee grousse Marketing Erfolleg vun Nestlé a Keurig. Mat

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen
Neiegkeeten

LSAP-Nordkongress: Politik am Interessi vun de Mënschen an de Gemengen

Den 8. Februar hat am Kino „Prabbeli“ zu Woltz den

Escape-Room doheem? Geet och!
Neiegkeeten

Escape-Room doheem? Geet och!

Ech wollt schonn ëmmer an een Escape-Room, ma meng éischte

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni 2021

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 324 (-8,5%) Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altermoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 33,9 Joer. Et goufe 47.272 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 44.490 Tester. 217 Leit hunn e postife Schnelltest gemellt.

De 6. Juni goufe 675 aktiv Infektioune gemellt, den 30. Mee waren et 883. Am Ganzen ziele mir 67.483 geheelte Persounen. Et sinn 2 Doudeger bäikomm, d’Altersmoyenne läit do bei 57 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,89 – en ass soumat stabil. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 0,69%.

Inzidenz läit bei 51 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 56/100.000, en ass och hei liicht erofgaangen.

An de Spideeler gi 15 Patienten op der normaler Statioun a 4 Patienten intensiv behandelt.

Et waren 836 (-28%) Persounen an der Isolatioun. 789 (-30%) hunn sech a Quarantän befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (35,1%), d’Fräizäit ass mat 5,1% dobäi an d’Reesen an d’Ausland mat 3,9%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 50%, en ass liicht geklommen.

Impfungen: An der Woch vum 31. Mee bis de 6. Juni gouf am Ganzen 43.934 mol geimpft. Dovunner krute well 21.165 hier zweet Dosis.

Virusmutatiounen: Déi brittesch Variant representéiert 66% an déi südafrikanesch Variant 2,8% vun de Fäll. Déi brasilianesch Variant ass bei 2,1% an déi indesch Variant läit bei 16,3% vun de Fäll.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2: Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 ass an den dräizéng Kläranlagen erofgaangen. Am Verglach zu de leschte Wochen ass dat kloer ze gesinn, d’Baisse ass konstant. Fir méi dozou ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Hospitalisatioun, Impfung, Isolatioun, Neiinfektiounen, PCR-Tester, Quarantän, Réckbléck, Virusmutatioun
Next post Previous post