Search

You may also like

Iechternach goes Steampunk
International Neiegkeeten Stories

Iechternach goes Steampunk

Stadmarketing an der Abteistad ass en eeschte Sujet. Allerdéngs ass

Huet déi däitsch Police ee Problem?
International Neiegkeeten Stories

Huet déi däitsch Police ee Problem?

Bei dësem CDU-Politiker treffen all negativ Attributer déi een engem

OPGEPASST: Aldi rifft d’Zoossiss zeréck wéinst Salmonellen
International Neiegkeeten Stories

OPGEPASST: Aldi rifft d’Zoossiss zeréck wéinst Salmonellen

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet deele mat, dass den Discount-Supermarché

Den neierleche Lockdown provozéiert

Den neierleche Lockdown provozéiert

An enger Rei Länner vun der Europäescher Unioun, mee och a Groussbritannien hunn dausende Mënsche géint d‘Beschränkungen demonstréiert, déi d‘Autoritéiten am Kontext vun der Pandemie beschloss hunn. Zu London gouf et der zolidd op d‘Sabbel, wéi Police an Demonstranten unenaner gerode sinn. Och an Däitschland, Kroatien, Rumänien a Serbien war d‘Stëmmung „hëtzeg“.

Wa jidderee seng eegen Zopp kacht, d‘Moossname vu Land zu Land netz nëmmen ënnerschiddlech, mee och nach widderspréchlech sinn; keng Regierung esou eppes wéi eng Linn huet, an d‘Mesuren och éischter politesch wéi da wëssenschaftlech fundéiert sinn, maachen d‘Leit net méi mat. Woubäi een hei och berécksiichtege sollt, datt déi „3. Well“ vun där rieds ass, sech ze bewourechte schéngt.

Groussbritannien

An der brittescher Haaptstad waren se zu dausende vum Hyde Park duerch den Zentrum vu London marschéiert. Dësen Deel vun der Demonstratioun géint déi stramm Mesuren, war friddlech. Wéi de Mersch eriwwer war, hu sech eng honnert „Aktivisten“ zréck an de Hyde Park beginn, wou si sech mat der Police ugeluecht hunn. Mat Fläschen a Béchse gouf de Frust op d‘Polizisten ofgelueden.

Um Samschdegowend haten d‘Autoritéite 36 Persoune festgeholl. Den Adjoint vum Policechef, Laurence Taylor huet bestätegt, datt bei den Ausenanersetzungen am Hyde Park Beamte verletzt goufen. Hie huet vu geziilten Attacke geschwat, déi an dësem Kontext vëlleg inakzeptabel sinn. Et wier traureg sech un deenen ze vergräifen, déi d‘Reegele mussen duerchsetzen, esou den Taylor.

Däitschland

Bei eisen däitschen Noperen huet et verschiddentlech „gerabbelt“. Als Epizenter vum Protest gëtt Kassel genannt. Entspriechend den Autoritéiten, haten sech hei ee puer dausend Mënschen zum Protest géint d‘Diktatur vun de Covid19-Moossname versammelt. Et heescht weider, datt dësen Demonstratiounsëmzuch duerch d‘Stad net ugemellt war, an sech net un d‘Uweisunge gehale gouf.

Et ass verschiddentlech zu Zesummestéiss tëscht Polizisten an Demonstrante komm. Pefferspray a Knëppelen hunn dëse physeschen Dialog bestëmmt. Mee net nëmmen zu Kassel huet et gerabbelt. Och un der däitsch-franséischer Grenz zu Sarreguemines, war d‘Stëmmung „gereizt“. Hei sinn et besonnesch d‘Grenzgänger, déi et déck sëtzen hunn, well si all 2 Deeg en neien Test musse virleeën.

Den Arsène Schmitt vum „Comité de Défense des Travailleurs Frontaliers de la Moselle“ – eng Associatioun déi ronn 16.000 Frontaliere vertrëtt – huet d‘Areesbestëmmunge vun Däitschland als „onerdréiglech a schlëmmer wéi d‘Grenzschléissungen 2020“ bezeechent. Tatsächlech musse säit Ufank Mäerz, d‘Pendler fir Rheinland-Pfalz an d‘Saarland en Negativ-Test zur Arees bei sech hunn.

Kroatien & Serbien

A Kroatien war den Appell zum Protest a ville Stied gehéiert ginn. Dausende Mënschen hu sech an der Haaptstad Zagreb, zu Osijek, Split, Dubrovnik a Sibenik dem Protest ugeschloss. Vill vun den Demonstranten hunn „offensichtlech“ keng Mask gedroen. Si hu vun den Autoritéite gefuerdert elo Ofstand vun den aschränkende Mesuren ze huelen an nees en „normaalt“ liewen ze erméiglechen.

Belgrad

Zu Belgrad (Serbien) huet déi opbruechte Bevëlkerung d‘Plaz vun der Republik „besat“. Si hu grad wéi hir kroatesch Kolleegen d‘Tyrannei vun der Maskeflicht denoncéiert. Wann et richteg ass, datt a béide Länner zum Joresufank d‘Lag villverspriechend war, esou hëlt d‘Inzidenz nees ganz rapid zou. A Kroatien läit den Taux bei 145, a Serbien ass en e Samschdeg iwwer 500 geklommen.

Rumänien

Och a Rumänien huet de Protest landeswäit stattfonnt. Nieft der Haaptstad Bukarest gouf nach a fënnef grousse Stied géint déi fräiheetsaschränkend Moossname protestéiert. Villeruerts hunn sech d‘Faschisten de Protest ugëeegent. Zu Bukarest an zu Cluj (Siebenbürgen) huet sech d‘Prominenz vun der rietsextremer Parlamentspartei AUR (Allianz fir d‘Vereenegung vun de Rumänen) bei de Kundgebungen ervirgedoen. Si waren zesumme mat de Kierchemänner an der éischter Rei.

Rumänien, wéi vill vum „Kommunismus befreiten Natiounen“ huet de Glawen nei entdeckt, an déi reliéis Symboler ware bei de Manifestatiounen allgéigewäerteg. Déi chrëschtlech-orthodox Kierch ass mächteg an huet vill Afloss op Regierung an d‘Politik am allgemengen. An d‘Patriarche vun dëser Organisatioun verwiere sech géint d‘Aschränkungen déi d‘Ofhale vu Gottesdéngschter eppes stéiert. Gottesdéngschter déi nëmmen da Geld an d‘Kees bréngen, wann déi Gleeweg present sinn.

A soss esou?

Esouguer an der Schwäiz fänken déi ganz Mesuren un de Mënschen op d‘Gemitt ze schloen. Zu Liestal (eng Klengstad am Kanton Baselland) hu sech laut den Autoritéiten eng 3.000, laut den Organisateuren eng 5.000 Mënschen zum Protest géint Covid19-Mesure versammelt. Mat Plakater op deenen ze liese war „Impfstoffer bréngen dech ëm“ wëllen si hir Matbierger opklären a schützen.

Déi Schwäizer Regierung hat e Freideg mam Hibléck op eng bedreelech 3. Well decidéiert, net wéi geplangt déi versprache Lackerunge virzehuelen. Och an der Schwäiz kämpfen d‘Autoritéite mat der Inzidenz, déi eng bedenklech steigend Tendenz opweist. Bei den Eedgenossen huet déi brittesch Covid19-Variant och d‘Féierung iwwerholl, firwat all d‘Experten op d‘Mesure bestanen hunn.

A Schweden huet d‘Police an der Haaptstad Stockholm, mee och zu Göteborg an Malmö misse bei Manifestatiounen agräifen. Hei waren et keng Zesummestéiss, déi Ausléiser waren, villméi sinn dës Demonstratioune gestoppt ginn, well méi Leit dorunner deel geholl hunn, wéi dat elo fir ëffentlech Versammlunge festgeluecht gouf. Weder aus der Schwäiz nach aus Schweden gëtt Gewalt gemellt.

mat indymedia/lon/fra/zag/bel/otp/bsl/sto

Illustratioun: © Marek Studzinski / unsplash

Related topics Covid19-Protest, Däitschland, Groussbritannien, Kroatien, Rumänien, Schwäiz, Schweden, Serbien
Next post Previous post