Search

You may also like

Chômage Partiel: Delai verlängert bis den 30. Dezember 2020
International Neiegkeeten

Chômage Partiel: Delai verlängert bis den 30. Dezember 2020

Bei der Reunioun vum Konjunkturcomité gëschter hunn d’Ministeren Dan Kersch

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet
International Neiegkeeten

Syrien: Dem Putin säi klenge Sommet

No senger iwwerraschender Entrevue mam Bashar al-Assad um Dënschdeg, versammelt

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech
International Neiegkeeten

Den OUNI mécht seng Dieren zou, Heemliwwerunge si weiderhi méiglech

Fir d’Gesondheet vun de Clienten a Mataarbechter ze garantéieren an

Covid19-Rekordwäerter an Europa

Covid19-Rekordwäerter an Europa

Ëmmer méi Länner an der Europäescher Unioun mellen nei Héchstwäerter bei den Neiinfektiounen, wat villeruerts zu deels kompromësslos an drastesche Moossname féiert. Och d‘WHO huet elo nees virun eng Situatioun gewarnt, déi dreet ausser Kontroll ze geroden. D‘Leit maachen allerdéngs net den Androck, wéi wann et se eppes géif ugoen… et sief se wiere selwer betraff.

Wärend zu Lëtzebuerg, knapps datt Regierung annoncéiert hat et géif zur Stonn kee Grond mussen der Bevëlkerung weider Restriktiounen opzëerleeën, en „internationaalt Bëschfest“ am ländlechen Norden organiséiert gëtt, stinn dem Regionaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) Hans Kluge d‘Hier zu Bierg. D‘Zuele sinn deraart erschreckend, et muss elo Beschränkunge ginn.

Elo huet den Hans Kluge drop higewisen, datt sollt et net geléngen dësen neien Ausbroch zäitno a konsequent an de Grëff ze kréien, nees eng sanitär Katastroph mat all senge wirtschaftleche Folgen op eis duer kënnt. Nach wier et einfach, d‘Moossnamen ze befollegen a wann d‘Leit sech géifen um Rimm rappen an déi bekannten Hygiènesreegelen anhalen, esou wéi se och hir Mask undoe sollten an „Ofstand“ halen, d‘Covid19-Afferzuele bis Februar 2021 ënner 300.000 gehale kéinte ginn.

Bei de Fransousen ass et den Ament mat ronn 32.500 Neiinfektioune bannent 24 Stonnen och nees extreemst. D‘Afferzuele pro Dag sinn nees dräistelleg. Mee déi aner Säit der Musel, wou Berlin jo eng Protestwell géint d‘Covid19-Mesure kannt hat, explodéieren d‘Zuelen nees. Do huet d‘Politik allerdéngs elo bewisen, datt si net wesentlech méi intelligent agéiert wéi d‘Géigner vun de Mesuren.

God save the Queen People

Esouguer d‘Britten, déi jo vun Ufank un zolidd ënnert dem Coronavirus gelidden hunn – allerdéngs iwwer Joerzéngten hire Gesondheetssystem reegelrecht géint d‘Mauer gefuer hunn – geroden elo zumindest politesch nees a Panik. De brittesche Gesondheetsminister Matt Hancock huet am House of Commons op séiert Handele gedrängt. Säit ee Méindeg gëllt elo hei en dräistufegt Warnsystem.

A ville Länner ginn d‘Aktivitéite vum Horesca-Secteur nees zolidd ageschränkt, wann net direkt alles zougemaach geet (Belsch an Holland). Eng Rei Memberlänner (Tschechien an Nordirland) hunn entscheet d‘Schoulen ze schléissen, an op ville Plaze ginn och nees Foireshalen zu Lazaretten ëmgebaut, hei an do gesäit een nees „sanitär Zeltstied“ (Polen). Warschau huet d‘Sportzenter an d‘Schoulen zougemaach, Hochzäiten si bis op weideres schlicht an ergräifend verbueden…

Mee natierlech ass och de Süde betraff. Portugal, dat bis viru kuerzem nach domadder glänze konnt änlech wéi mir zu Lëtzebuerg, gutt duerch d‘Kris komm ze sinn, huet leschte Mëttwoch missen de landeswäite Katastrophefall ausruffen. Domadder kann d‘Beweegungsfräiheet ageschränkt an aner Grondrechter dierfen „ausgesat“ ginn. Maske mussen am ganzen ëffentleche Raum gedroe ginn.

Interessant ass elo, datt de Beholl, respektiv d‘Akzeptanz vun de Bierger an der Unioun regional ganz ënnerschiddlech ass. Allen ass awer gemeng, datt si keen neie Lockdown wëllen an sech och iergendwéi bewosst ginn, datt d‘Unioun Jore, wann net Joerzéngte brauche wäert sech vun dëser Kris wirtschaftlech ze erhuelen. Firwat da grad déi jonk Mënschen, wou a leschter Instanz d‘Käschten ze droen hunn (déi Räich an d‘Konzerner maachen et jo net) hei net wëlle matmaachen?

mat indymedia/mst

Illustratioun: © Nick Fewings / unsplash

Related topics Confinement, Covid19, Europa, Europäesch Unioun, Lockdown, Rezessioun, Wirtschaftskris
Next post Previous post