Search

You may also like

Wou si mir mam Impfen drun?
Neiegkeeten

Wou si mir mam Impfen drun?

D’Waardelëscht fir Persounen, déi wärend der 4. Phase vun der

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt
Neiegkeeten

De Vizepresident vum EU-Parlament kritt de Stull vrun d‘Dier gestallt

De Ryszard Czarnecki, polneschen nationalkonservativen a schwéierst ëmstriddene Vizepresident vum

Zu Berlin gëtt ëm d‘Flüchtlinge vu Moria gestridden
Neiegkeeten

Zu Berlin gëtt ëm d‘Flüchtlinge vu Moria gestridden

Am Reichstag zu Berlin konnt ee se fërmlech spieren… d‘Angscht

Covid19-Risikogebitt: „Alters- a Fleegeheem“

Covid19-Risikogebitt: „Alters- a Fleegeheem“

Nodeems et am Altersheem „Um Lauterbann“ zu Nidderkuer eng „gréisser Stierflechkeet“ huet, ass den Deputé-Maire Michel Wolter (CSV) op „honnert“. Ufank vum Mount goufen eleng an dësem Altersheem 67 Residenten an nach emol 25 Mataarbechter positiv getest, 19 Mënsche sinn un de Folge vun der Infektioun verstuerwen.

Mëttlerweil sollten all d‘Residente vum Altersheem hir zweet Impfung erhalen hunn, mee dat huet den Deputéierten net dovunner ofgehalen eng Motioun an der Chamber ze deponéieren, mat där d‘Regierung opgefuerdert gëtt eng Analys an Evaluatioun vun den zanter Februar erliefte Faiten ze maachen. Elo ass et awer net esou, wéi wann d‘Altersheem zu Nidderkuer eng Ausnam wier.

D‘Familljeministesch huet de Kolleege vum private ëffentlech-rechtleche Sender RTL am Interview erzielt, datt et méi „Cluster“ an den Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg huet. Zu Boufer géifen et 19 Fäll, Nidderkuer aktualiséiert 13 Fäll an zu Rodange därer nach 12. A Punkto Symptomer wier vun allem derbäi: vu „guer keng“ bis „schwéier“; esou d‘Corinne Cahen (DP). A wat maache mer?

Vill „ze maache“ gëtt et net, ausser weider Impfen an Ofstand zu vulnerabele Mënschen halen. Et schéngt allerdéngs och offensichtlech, datt d‘Personal an den Haiser muss geimpft ginn, woubäi een natierlech keen zwénge kann, an et jo och Prioritéiten an der Impfstrategie huet. Zudeem gëtt net nëmmen an den Alters- Fleegeheemer gestuerwen. A mat der drëtter Well dierft d‘Tendenz unhalen.

Illustratioun: © Steve Cornfield / unsplash

Related topics Altersheem, Corinne Cahen, Covid19-Pandemie, Fleegeheem, Michel Wolter, Stierflechkeet
Next post Previous post