Search

You may also like

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen
Neiegkeeten

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun déi eelef Laureaten vun engem Projet-Appell

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)
Neiegkeeten

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)

Weltwäit existéieren iwwer 6000 verschidde Sprooche. Ee Grond méi wisou

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)
Neiegkeeten

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)

„Fir meng Fra a mech ass deen Dag natierlech ee

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg

Et herrscht Covid19 an elo ass Schluss mat Lëschteg

Leschten Donneschdeg hu se an der Chamber en neit Covid19-Gesetz gestëmmt. An dësem ass eng Spärstonn vun 23 bis 6 Auer enthalen. Esou eppes huet et zanter dem zweete Weltkrich net ginn, an et gëtt dann och scho vun engem Agrëff an eis Grondrechter geschwat.

Datt et fir d‘Verhänke keng wëssenschaftlech fundéiert Argumenter huet, et wuel richteg ass, datt eis Nopere mat dëser Mesure ugefaangen hunn, déi sech leider och net op ee gemeinsamen Nenner ofgestëmmt kruten, dofir ka kee Polizist. Et ass awer elo un de Polizisten dofir Suerg ze droen, datt dës an engem Gesetz festgehale Beschneidung vun eise Grondrechter, och ëm- an duerchgesat gëtt.

Et war dann och de Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, deen ugekënnegt huet, datt et am Kontext vun de staatleche beschlosse Moossnamen zur Andämmung vun der Covid19-Pandemie zu méi Kontrollen am Land komme wäert. Besonnesch Nuets solle méi Beamten op der Rull sinn, a fir d‘Anhale vun der Spärstonn Suerg droen. Et gëtt zudeem deier, wann een dergéint verstéisst.

Mee et gëtt net nëmmen deier fir wien sech zu verbuedener Stonn dobaussen ophält. Eng vun den éischte Missioune vun der Police ass et, illegal Fester, Feieren an/oder Partyen ze ënnerbannen. Et wäert awer och am Horesca-Secteur zu méi Kontrolle kommen, hei gëtt dann awer éischter Wäert drop geluecht, datt sech d‘Etablissementer, d‘Personal an d‘Cliente un déi bestoend Reegelen halen.

Falls et nach net gewosst sollt sinn

Datt d‘Regierung der Chamber en neit Gesetz huet misse virleeën, dat ass der Reprise vun den Infektiounszuele geschëlt, déi gemooss op d‘Gréisst vum Land, schonn eppes besuergnesereegend sinn. Dat och well d‘Experten dovunner ausginn, datt d‘Zuele bis zu véier mol méi héich leien, wei dat aus den Tester – déi nach ëmmer ganz gutt genotzt ginn – bis ewell ervirgeet.

Zwar leien der Regierung an den zoustännege Verwaltungen dës Informatiounen, déi sech op d‘Presenz vum Coronavirus an de Kläranlage bezéien, zanter der Woch 42 vir, mee et gouf gewaart – ze laang wéi et säitens der Oppositioun heescht – fir Mesuren ze reaktivéieren. Déi mat der Ausgangsspär gehéiert zu den aschneidendsten, schéngt awer bis heihinner gutt agehalen ze ginn.

Och de Fait, datt een nach just véier Leit däerf op Besuch empfänken, een zu maximal véier am Restaurant dierf zesummen iessen, een ëmmer da wann et méiglech ass sollt doheem bleiwen, also méiglechst och vun do aus sollt schaffen, schéngt éischter op Versteesdemech ze stoussen. Op de sougenannte Lockdown huet erwisenermoosse kee Loscht, firwat sech déi meescht fügen.

Scho muer awer wëll de Premierminister Xavier Bettel, seng Iwwerleeungen zur „Stonn vun der Wourecht“ ëffentlech bekannt ginn, déi hie leschten Donneschdeg an der Chamber nach net weider wollt verdéiwen. Esou wéi et ausgesäit, an d‘Zuele schwätzen eng däitlech Sprooch, wäert et awer och bei eis am Land zum Confinement kommen. Awer net esou Contraignant wéi am Fréijoer…

Illustratioun: Schaffe goen, dat noutwennegst akafen, a fir de Recht dach mam Hënneschten op der Couch sëtze bleiwen… esou ongeféier stellen sech d‘Regierung, d‘Chamber an d‘Police de Beholl vun de Bierger vir. Déi meescht wäerten sech wuel och drun ze hale wëssen. © Mark Claus / unsplash

Next post Previous post