Search

You may also like

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!
Neiegkeeten

Et hätt een dach besser d’Vëlospisten auszebauen!

Ufank Juni hunn den Transportminister François Bausch an den Transportminister

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Frühlingsrullen vu “Spring Home” enthale Mëllech!

Wéi d’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet elo matgedeelt hunn, enthalen

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv
Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuel entwéckelt sech positiv

D’Noriichte bleiwe weider gutt, wat d’Aarbechtslosegkeet am Land ugeet. Op

Covid19-Schnelltest: Vill Froe, wéineg Äntwerten

Covid19-Schnelltest: Vill Froe, wéineg Äntwerten

Wéi onse Mediepartner gëschter bericht huet, hat et leschte Weekend eppes „Gedrécks“ an all deene Geschäfter déi aner Säit der Musel ginn, wou déi sougenannt Covid19-Schnelltester ugebuede goufen. Et heescht si „praktesch a manner intrusiv“ wëll de Stäbchen, gläich dem Test am Hals net duerch d‘Nues agefouert muss ginn. Ee Resultat läit a wéinege Minutte vir.

Elo gëtt et allerdéngs kee Grond bei d‘Noperen ze goen, déi Schnelltester huet et och zu Lëtzebuerg an esouguer eng gréisser Auswiel. Gutt se sinn nach net an allen Apdikten ukomm, an aus engem eis onbekannte Grond, schéngt et och ee Geheimnis ze sinn, wéi eng Apdikt dës Produkt féiert. Dat allerdéngs wier da schonn ee ganz gudde Grond, et awer an enger däitscher Apdikt ze versichen.

A wéi heescht et esou schéin… „De Maart reegelt dat“. Bëlleg ass de Spaass net, a wien hei am Land de Mindestloun verdéngt, wäert et sech gutt iwwerleeën, iert en iwwer 200 Euro fir e Pak mat 15 bis 20 Tester fir dem Apdikter säi Golf-Vergnügen op de Comptoir leet. Laut engem Apdikter, deen dës Tester nach net virräteg huet, wier d‘Offer an éischter Linn fir Entreprise geduecht.

Zudeem esou den Apdikter deen net wëll genannt ginn, géif et an der Branche nach Onsécherheeten an et géif een zur Stonn ofwaarde wat d‘Laboratoiren – hei besonnesch den LNS – zu dësen Tester ze soen hunn, a wéi eng vun dëse prekoniséiert ginn. Et wier, emol ganz vum Präis ofgesinn, scho wichteg de Clienten een zouverlässegen Test unzebidden, an do geet en CE-Label einfach net duer.

Laut dem Beruffsverband géif den Ament mat Héichdrock dorunner geschafft, a méi generell, géif nach op d‘Uweisunge vum Gesondheetsministère, respektiv der Gesondheetsdirektioun gewaart. A well et wéi gesot eppes presséiert an een et virzitt, datt d‘Leit hiren Test hei am Land kafen, soll eng Decisioun säitens den Autoritéiten, nach virun Enn der Woch virleien. Also nach eppes Gedold…

Foto: © Apotheke Adhoc

Related topics Apdikten, Covid19-Pandemie, Covid19-Schnelltest, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministère
Next post Previous post