Search

You may also like

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!
Neiegkeeten

D’Kommuniste fuerderen: Bluttvergéissen a Besatzung mussen direkt ophalen!

Duerch déi verschäerften Ugrëff op d’Mënschen am Gazasträifen fuerderen kommunistesch

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet
Neiegkeeten

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Et gëtt an Ungarn keen Noriichteportal datt esou oft am

Den OGBL-Ausbléck op 2020
Neiegkeeten

Den OGBL-Ausbléck op 2020

D‘Patronne vun der gréisster a schéinster Gewerkschaft vum Land, hat

Covid19-Schnelltester ab e Freideg disponibel

Covid19-Schnelltester ab e Freideg disponibel

Laut dem Communiqué vum Gesondheetsministère sollen déi Covid19-Schnelltester (TRA) den 20. November zu Lëtzebuerg disponibel sinn. An direkt emol „Nee“ et ass net fir jiddereen. Als éischt kréien emol déi véier Spideeler (CHL, CHEM, CHdN, HRS) därer fir hir Urgencen, da kommen déi sougenannt Consultatioun-Zenter, d‘Fleegeheemer/Altersheemer an d‘Gesondheetsinspektioun.

Eigentlech heescht et datt dës Tester wäitaus manner zouverlässeg sinn, wéi déi sougenannte PCR-Tester, mee alles wat hëlleft wëll een notzen. D‘Handhabung vun dësen Tester setzt dann och eng Formatioun viraus. Optioune fir de „Kandidat“ gëtt et hei keng, alles gëtt duerch d‘Nues gemaach. Ass den Test trotz héijer Probabilitéit negativ, soll och e PCR-Test un der Persoun virgeholl ginn.

Ass den Test positiv, muss dësen zwéngend der Gesondheetsinspektioun gemellt ginn. Interessant allerdéngs d‘Prezisioun, datt Mënschen iwwer 65 a Kanner vum TRA „ausgeklammert“ sinn. Et gëtt och drop higewisen, datt de Covid19-Schnelltest, net fir déi sougenannt asymptomatesch Fäll geduecht ass, well den TRA bei dëse Persoune meeschtens net „uschléit“. Da wësst der Bescheed…

Illustratioun: © Medakit Ltd / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Schnelltest, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsinspektioun, PCR, TRA
Next post Previous post