Search

You may also like

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch
Neiegkeeten Stories

Hurrikan Dorian: Et war kee Frëndschaftsbesuch

Den Hurrikan Dorian huet nach ëmmer net ganz vun de

Eis däitsch Nopere maachen d‘Luuchten aus
Neiegkeeten Stories

Eis däitsch Nopere maachen d‘Luuchten aus

An enger Telefonskonferenz mat der Bundeskanzlerin hunn sech Bond a

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“
Neiegkeeten Stories

Wanderen am Éislek: Um Wee zur „Leading Hiking Region“

Schonn an de fréien 30er Joer huet d’Wandererliefnis am Éislek

Covid19: D‘Lag ass esouwuel kritesch wéi stabil

Wann d‘Zuelen duerch den Apport vun der brittescher Variant beaflosst ginn, esou trëfft dat och op déi zukünfteg Decisiounen zou, déi d‘Regierung zur Pandemie-Bekämpfung huele muss

Covid19: D‘Lag ass esouwuel kritesch wéi stabil

Ob bei den Neiinfektioun oder den Analyse vum Ofwaasser an de Kläranlagen, et huet nees eng Tendenz zur Hausse. Déi lescht Woch hat et ronn 200 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner ginn (dat huet déi lescht Woch virdrun nach bei 175 geleeën). Bei de Kanner ënner 14 Joer huelen d‘Infektiounszuelen ëm bis 25% of. Et waren allerdéngs och vill Schoule gewëssermoossen zou..

Wärend bei de Butze manner Infektiounen notéiert ginn, esou huelen d‘Infektiounszuele bei hiren Elteren (also Mënschen am Alter vun 30 bis 40 Joer) zou. Fir d‘Gesondheetsministesch ass dat en Hiwäis, datt de Covid-19 nach ëmmer bannent der Famill weidergereecht gëtt. D‘Paulette Lenert stellt esou fest, datt Lëtzebuerg nach ëmmer an enger kritescher Situatioun ass an de Kampf weidergefouert muss ginn. Dat ebe wéinst de ganze Variatiounen, déi sech bemierkbar maachen.

Esou heescht et säitens den Intervenanten, datt déi brittesch Souche vum Covid-19 mëttlerweil iwwer 50% vun den Infektiounsfäll ausmécht. D‘Evolutioun vun dëser Variant muss elo streng verfollegt ginn, virun allem, wëll dës wéi ee Beschleuneger agéiert. Nach hätt ee wuel alles gutt am Grëff, mee et muss ee sech op eng drëtt Well virbereeden. D‘Lag bei den Nopere weist drop hin.

Covid19„An der aktueller Situatioun, mat de Varianten déi dominant ginn, ass et wichteg d‘Risiken ze berécksiichtegen an weiderhin d‘Gestes Barrières anzehalen“, esou d‘Paulette Lenert © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou erkläert d‘Ministesch, datt an der aktueller Situatioun, wou et Variante vum Covid-19 huet déi dominant ginn, et essentiell ass d‘Risike richteg ze bewäerten a virun allem d‘Gestes Barrières weider strengstens anzehalen. Et wier zudeem hëllefräich, wann d‘Leit d‘Strategie vun der Regierung géife respektéieren. Dës sanitär Kris, dat ass jidderengem bekannt, kënne mir nëmmen zesummen gemeeschtert kréien. Ee weidere Confinement ass den Ament awer net virgesinn.

Loosst iech Picken!

Zu der Strategie vun der Regierung gehéiert bekanntlech d‘Impfung. Gutt wierklech vill dovunner hu mir es net, mee hei sollt een eventuell eppes méi Gedold opbréngen. Zum enge war ze erwaarden datt et zu Delaie kéint kommen, zum anere gëllt et emol als éischt all déi ze impfen, déi vulnerabel sinn an/oder entspriechend Pathologien opweisen. Mee och d‘Regierung géif gäre méi séier a méi flächendeckend impfen. Zu den Impfzenter Stad Lëtzebuerg an Esch-Uelzecht, sinn der 2 bäikomm.

Esou gëtt elo och zu Ettelbréck an zu Munneref op Rendez-vous geimpft. Zu Lëtzebuerg sinn am Asaz de Vaccin vu Moderna, Pfizer/Biontech an AstraZeneca. Wärend bei den zwee éischten den Opwand zimlech „ëmfangräich“ ass, kann den AstraZeneca bekanntlech méi klassesch behandelt ginn. An dësem Kontext huet et gëschter eng interessant Informatioun zur Prozedur ginn.

Covid19De Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) huet sengersäits nach emol d‘Aarbechte vu senger Institutioun higewise, a begréisst generell déi vun der Regierung decidéiert Strategie © Martine de Lagardère/moien.lu

Dräivéierel vum Stock sollen zügeg den eligibele Persounen injizéiert ginn, an de Rappell géif dann op bis zu 10 Woche méi spéit administréiert ginn. Déi 25% „Reserv“ soll méiglech Delaie bei de Livraisounen ausgläichen. Et gouf dann och vun allen Intervenante bestätegt, datt schon eng éischt Dosis mat AstraZeneca, e grousse Schutz bitt. Zudeem huet et elo nei Evaluatiounen aus Schottland, déi drop hiweisen, datt den AstraZeneca (no der 2. Injektioun) ee Wierkungsgrad vu +90% huet.

Ze begréissen ass, esou den Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, datt den Zousproch – bezunn op d‘Invitatiounen – ganz grouss ass. Den Ament géif et en Taux vun 2% „Abstentioun“ ginn. Grouss Ängschte viru méiglechen Niewewierkungen hätt een och net, an déi eeler Generatiounen si manner am Netz ënnerwee, firwat déi sech net vu Rumeure irleede loossen.

Testen ass e Pilier vun der Strategie

Wann een allgemeng feststelle kann, datt sech teste loosse scho bal eng Routine ass, esou ginn dës Tester an d‘Methoden zur Analys stänneg verbessert. De Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum Nationale Gesondheetslaboratoire (LNS) ass op déi ënnerschiddlech Tester (PCR), d‘Analysen an d‘Sequenzéierung (wichteg wéinst de Varianten) agaangen. Am LNS ginn och déi sougenannt „Schnelltester“ fir doheem enger strenger Iwwerpréiwung ënnerworf. Do kënnt also nach eppes…

Et war flott dëser neier Iwwersiicht vun der Situatioun bäigewunnt ze hunn, besonnesch well net op d‘Polemik, betreffend d‘Membere vum HRS-Verwaltungsrot déi sech op Aluedung vum Direkter vum Spidol um Kierchbierg hir Dosis verofreeche gelooss hunn. Dat verhënnert natierlech net, datt d‘Vollek sech weiderhinn dozou ausdréckt, natierlech virzuchsweis an de soziale Medien.

Covid19De Mann. dee gëschter am neien Impfzenter zu Munneref seng Vaccinatioun erhalen huet, war am Géigesaz, zu den Häre Schlitz, Seywert a Würth ee berechtegte Client. „Iwwerhieflechkeet“ ass och weiderhi kee Kritär fir bevirzuucht behandelt ze ginn © Martine de Lagardère/moien.lu

De Jean-Louis Schilz, den aktuelle President vun den „Hôpitaux Robert Schumann“ an Ex-Minister vun der CSV, mat Erfarung a Kommunikatioun, huet liicht Zäitversat zur Pressekonferenz vun der Ministesch, och d‘Medien agelueden, fir zu de Virwërf Stellung ze huelen. Esou heescht säitens dem stramm kathoulesch ugehauchten Acteur am Gesondheetswiesen, datt alles am Aklang mat der Impfstrategie vum Grupp HRS ofgelaf ass. Et géif ëm d‘Kontinuitéit vun de Servicer goen.

Den HRS-Impfplang wier eng Demande vun der Regierung. Déi dräi Memberen: also de Jean-Louis Schiltz, de Michel Würth an de Claude Seywert, sinn folgerichteg weder privilegiéiert nach bevirzucht ginn. Am Zitat héiert sech datt dann esou un:

„Laut eiser Opfaassung ass d‘Presidence en integrale Bestanddeel vun der Ofsécherung vum Spidol, esou wéi dat vum Gesetz verlaangt gëtt, an an der Mesure, wou de Verwaltungsrot dat zentraalt a representatiivt Organ vum Etablissement ass, an esou gläichfalls penal verantwortlech ass, wann et Faillen am sanitäre Schutzschëld vum Spidol gëtt“.

Zirkuléiert… et gëtt näischt ze gesinn

Nee de Verwaltungsrot allgemeng, an déi dräi genannten am Besonneschen, si weder vulnerabel, prekär oder an engem Alter deen d‘Impfung géif imposéieren. A jo, coh hinnen ass bekannt, datt nach ëmmer net gewosst ass, ob d‘Impfung och eng Kontaminatioun vun drëtte verhënnert. Mee si sinn imminent wichteg, fir déi gutt Gestioun vum Spidol. Wesentlech méi wichteg jiddefalls wéi eng Botzfra oder d‘Personal vum Accueil beispillsweis. An de Mann huet absolut Recht, oder?

Datt den Deputéierte Sven Clement (Piraten) dat eppes differenzéiert gesäit, an eigentlech esou vill Bierger direkt aus dem Häerz schwätzt, versteet den héich qualifizéierten an der ëffentlecher sanitärer Sécherheet verflichte Jean-Louis Schiltz net. Hien an seng Frënn hätten sech net, wéi fälschlecherweis behaapt „virgedrängelt“, nee si hätten hei ganz Verantwortungsvoll gehandelt.

Covid19Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Gesondheetsdirektioun, setzt grouss Hoffnungen op de Späicheltest, deen d‘Leit bei sech doheem maache kënne. Am LNS ginn esou Tester op hir Zouverlässegkeet iwwerpréift © Martine de Lagardère/moien.lu

Bedauerlecherweis – do huet den Deputéierten den Nol zimlech gutt geroden – konnt sech gëschter no der Pressekonferenz am HRS, am ganze Spidol keen opdreiwe loossen, deen engem hätt kënnen erklären, a wéi engem Moss an aus wéi engem Grond d‘Presenz vun engem reng „jetongsbaséierte recycléierte Politiker“ indispensabel fir de gudde Fonctionnement vum Etablissement sollt sinn. De President huet sech gëschter mat senger fuedeschäineger Erklärung eigentlech just Blouss gestallt.

Wann dann elo vum 56 järege Jean-Louis Schiltz a senge mafiéise Kumpel verlaangt gëtt, datt se demissionéiere sollten, dat ass dat eng Ignonimie! De Mann ass vill ze al fir esou enger Fuerderung nozekommen an d‘CSV ass net an der Regierung, fir him en neie lukrative Posten zouzeschoustere firwat dës Optioun auszeschléissen ass. Zudeem steet de Bistum och hannert dem ex-Politiker…

mam Laure Schlesser

Foto: (v.l.n.r) Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Gesondheetsdirektioun; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel, Direkter vum Nationale Gesondheetslaboratoire. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Strategie, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministesch, HRS, LNS
Next post Previous post