Search

You may also like

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg

Dass Lëtzebuerg e Manktem un Fachpersonal huet ass spéitstens säit

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung
Neiegkeeten

USA-Iran: Trauermarsch, Begriefnes a géigesäiteg Bedreeung

Zu Bagdad hunn dausende Mënschen um Trauerzuch fir déi vun

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz
Neiegkeeten

Stater Gemengerot: Vereedegung vum Guy Foetz

Um Méindeg, de 7. Oktober 2019 huet d’Lydie Polfer, Buergermeeschtech

Rätselhaft Covid19-Strategie

Déi sanitär Kris bereet der Politik an de Bierger gläichermoosse Kappzerbrieches, d‘Siicht op déi ganz Mesuren ass awer diametral eng aner

Rätselhaft Covid19-Strategie

Datt déi ganz Aschränkungen an soss Mesurë vum Covid19-Gesetz bis de 15. Januar 2021 vun der Chamber aktéiert goufen ass gewosst. Elo soll dann den nächsten Dënschdeg och d‘Verlängerung vum partielle Confinement verlängert ginn. Eigentlech logesch, wann een d‘Bestëmmungen zur Spärstonn an d‘Restriktioune vun de Gäscht déi een empfänken dierf, berécksiichtegt.

Zil vun alle Mesuren ass emol all d‘Ëmstänn déi vill Kontakter mat sech bréngen ze neutraliséieren, woubäi dat natierlech viraussetzt, datt all Mënsch matmécht. Zwou Wochen nodeems den Horesca-Secteur nees zougemaach gouf, sollt zwar unhand de virleienden Zuele gewosst, sinn datt et net an dësem Beräich war wou et geklemmt huet. Den Ament schéngt awer näischt maachen ze kënnen.

Et heescht dann och datt d‘Zuele vun der Task-Force an déi selwecht Richtung tendéieren, wéi et d‘Indicateure vun der Regierung maachen. Laut dësen ass d‘Zuel stabel mee weiderhin einfach net zefriddestellend an deem Sënn, datt ee Lackerunge kéint virgesinn. D‘Experten awer sinn eegener Ausso no selwer iwwerrascht, datt d‘Mesuren net gräifen. Dobäi hu se d‘Erklärung matgeliwwert.

Laut der Task-Force wier net auszeschléissen, datt déi nei Fräizäitaktivitéit „Shoppen“ eppes mat dësem Phenomen ze dinn hätt. Dat ass déi „diplomatesch Ausso“ déi sech mat „hutt dir se nach all iech zur gläicher Zäit op der selwechter Plaz opzehalen“, iwwersetze léist. Dat dierf een esou awer natierlech net soen, well et ass net de richtegen Zäitpunkt, Wirtschaftsacteuren ze kritiséieren.

400 Neiinfektioune pro Dag

Entspriechend de Simulatiounen, déi vun dësen Experte stänneg gemaach ginn, wier mat ëm déi 400 Neiinfektiounen ëm Chrëschtdag ze rechnen. Do stellt sech dann awer schonn d‘Fro, op et wierklech esou eng gutt Iddi sollt gewiescht sinn, d‘Geschäfter opzeloossen. Et muss och dierfe gefrot ginn, wou dann elo erwisen ass, datt d‘Fermeture vum Horesca-Secteur soll gehollef hunn.

Fir d‘Ministesch Paulette Lenert, déi sech zu allem ee Freideg nach emol geäussert huet, sollt ee respektéieren, datt sech d‘Regierung beméit huet „ee Gläichgewiicht“ ze fannen. Si géif awer elo hir Entscheedungen net bedaueren, well dës hätten derzou gefouert datt d‘Kette vun den Infektioune konnt gebrach ginn. Datt sech d‘Zuelen awer elo net signifikativ gebessert hunn, bleift ongekläert.

Et gëtt dann och ugeholl, datt et méiglecherweis un der Saison kéint geleeë sinn, oder datt d‘Leit einfach d‘Flemm hunn an net méi ganz esou proaktiv mat de Moossnamen ëmginn. Elo kéint et vläicht och un der Inkoherenz leien, déi a ville Passage vum Text agebonne goufen, mee dat Thema ass sensibel. Fakt ass a bleift: Näischt Genaues weess een net! Et bleift beim „Try & Error“ System.

Wa bei ronn 40% vun den Infektiounen net gewosst ass, wéi, wou a firwat ee sech infizéiert huet, ass a bleift et komplizéiert. Datt sech ronn 35% vun den Infektiounen am Familljekrees zoudroen, ass awer ee Probat Argument fir d‘Festivitéiten zum Reveillon op Chrëschtdag an Silvester op ee strikte Persounekrees ze beschränken. Eigentlech sollt een dat ganz si loossen, mee dat geet net.

Illustratioun: © Glen Carrie / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Gesetz, Covid19-Strategie, Gesondheetsministère, Lockdown, Paulette Lenert
Next post Previous post