Search

You may also like

Mir sinn dach all bësse futti?!
Neiegkeeten

Mir sinn dach all bësse futti?!

No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

OGBL-Nationalcomité: Nee zum Steierdumping zu Lëtzebuerg

Et ass, d‘Joer ass jo och nach nei, déi éischt

surprise
G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo
Neiegkeeten

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

Um Freideg huet zu Taormina a Sizilien de G7 Sommet

Covid19 Task-Force weess eppes wat d‘Regierung net weess

Covid19 Task-Force weess eppes wat d‘Regierung net weess

Am Bericht vun der Covid19 Task-Force (Research Lëtzebuerg) – deen zum bessere Verständnis vun der Majoritéit vun de Residenten exklusiv op englesch ass – gëtt zwar de positiven Trend am Kontext vun den Neiinfektioune confirméiert, mee och zolidd virun enger drëtter Infektiounswell gewarnt. D‘Ekipp vu „Research Lëtzebuerg“ bezitt sech fir dës Ausso op déi brittesch Variant.

Kuerz a knapp: bei der Etüd vun den Aussoen déi am Bericht enthale sinn, geet däitlech ervir, datt mir zu Lëtzebuerg riskéieren eng „drëtt Well“ ze erliewen, déi nach schlëmmer Konsequenzen hätt, wéi dat elo scho bei der zweeter Well de Fall ass. D‘Experte sinn aus dësem Grond der Usiicht, datt et weiderhin eng staark Aschränkung vun de soziale Kontakter brauch. Jo si mengen „Lockdown“.

Et gëtt och weiderhin opgeruff sech testen ze loossen. Wann ee beim Teste géif noloossen, géif dat méiglecherweis de Monitoring beanträchtegen. Tester si wichteg, fir séier op Changementer reagéieren ze kënnen. Am gläichen Text ass allerdéngs och rieds dovunner, datt een eng positiv, jo stabiliséierend Entwécklung ofzeechent. Et bréicht awer nach d‘Analys vun de leschte Wochen.

Am Kontext vun der Covid19-Pandemie, a wëssend wat sech grad bei eisen direkten Noperen esou ofspillt, wou d‘Mesure wäitaus méi streng sinn, wéi dat bei eis mat der Aféierung vun enger Rei Erliichterunge mam leschte Covid19-Gesetz de Fall ass, muss een déi vun der Task-Force getätegt Kommunikatioun ze interpretéiere wëssen. Esou ee Bericht huet och ëmmer ee politesche Volet.

Wien dann elo géif unhuelen, datt esou eng „Ausso“ den Zweck erfëlle muss, déi weider Schrëtt vun der Regierung ze stäipen, kéint net emol Onrecht hunn. Och de Wuertlaut vun der Ministesch ass streng geholl éischter alarmant wéi berouegend. Et gëtt dann och berechtegt Zweiwel dorunner, op déi Lackerungen – och wa se gutt dinn – der Kritik aus ville Secteure laang ka standhalen.

Zudeem ass nach ëmmer Alles „éischter onverständlech“, villes berout op engem Bauchgefill statt wëssenschaftlechen Erkenntnisser, an do wou et wëssenschaftlech Erkenntnisser huet, gëtt schlicht de Contraire vun deem gemaach, wat vun den Experten eigentlech gefuerdert ass. Méiglech ass och, datt d‘Task-Force d‘Bierger op de Confinement virbereede wëll. Op dofir englesch néideg ass?

Illustratioun: © Jon Tyson / unsplash

Related topics Confinement, Covid19-Pandemie, Regierung, Research Lëtzebuerg, Task-Force
Next post Previous post