Search

You may also like

Eisen Offall: Eng Etüd zu de Quantitéiten a praktesch Rotschléi zur Vermeidung
International Neiegkeeten

Eisen Offall: Eng Etüd zu de Quantitéiten a praktesch Rotschléi zur Vermeidung

Op Wonsch vun der Ëmweltverwaltung huet EcoConseil SARL eng Etüd

Besser Schlofen: Eng Sensibiliséierungsactioun vum CHEM
International Neiegkeeten

Besser Schlofen: Eng Sensibiliséierungsactioun vum CHEM

Am Kader vum weltwäiten Dag vum Schlof organiséiert d’Ekipp vum

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand
International Neiegkeeten

Am Myanmar forméiert sech de Widderstand

Virun enger Woch huet d‘Militärjunta d‘Muecht iwwerholl, d‘Regierungscheffin Aung San

Wann den Télétravail „Flicht“ ass

Wann den Télétravail „Flicht“ ass

Datt am Kontext vun der Covid19-Pandemie den Télétravail ee gutt Instrument ass, dat sech positiv op d‘Verbreedung vun der Infektiounskrankheet auswierkt, dat kann een als Behaaptung esou am Raum stoe loossen. Datt et wichteg ass „richteg“ an iwwerluecht mat dësem Instrument ëmzegoen, sollt net mussen zur Diskussioun stoen. Eis Belsch Noperen haten zum Homeoffice verflicht…

An der Belsch hat d‘Regierung sech derzou entscheet, den Entreprisen den Télétravail – wann dëse méiglech ass – opzezwéngen, well et anscheinend grouss Retizenze säitens den Employeure ginn huet. Et huet ee säi Personal nu emol gären am A, et wier ee gären Här am Haus… Anersäits ass et net jidderengem méiglech – och wann et technesch geet – dauerhaft vun doheem aus ze schaffen.

Dat gewosst, dierf nach emol op déi „besonnesch“ Ëmstänn vun der haiteger Zäit higewise ginn an déi verlaangen net, mee imposéieren eng ganz Rëtsch u Mesuren. Ob se ëmmer ziilféierend sinn, doriwwer wäerten sech iergendwann Historiker streiden, den Ament jiddefalls bitt sech net un fir d‘Hänn an de Schouss ze leeën. An esou dréit och den Télétravail zur sanitärer Sécherheet bäi.

A well Moossnamen déi ergraff ginn, och nëmmen da wierke wann een kontrolléiert ob se agehale ginn, hat de Concertatiounscomité vum 18 Dezember drop higewisen, datt et zu Kontrolle wäert kommen, fir ze klären ob iwwerall do wou et méiglech ass, elo och op den Télétravail ëmgesat gëtt. Den Homeoffice ass an der Belsch säit dem 28. Oktober eng Obligatioun wann et méiglech ass.

Wann s de op der Schaff erwëscht gëss…

Wärend mir eis zu hei de Kapp zerbriechen, wéi een eng gewëssen Télétravail-Harmonie kéint erbäiféieren, et a ville Gemengen- a Staatsverwaltunge keng „Linn“ gëtt, och am Privatsecteur éischter jidderee mécht wéi et him grad geleeë kënnt, hunn déi Belsch Nee mat Käpp gemaach an den Télétravail fir all Funktiounen déi et erlaben, zur Obligatioun gemaach. Mee keen hält sech drun an dem sozialisteschen Aarbechtsminister Pierre-Yves Dermagne geet et es elo déck duer.

Et géif systematesch géint dës Verflichtung verstouss, an elo sollten sech d‘Entreprisen dann emol op entspriechend Kontrollen astellen. Kontrollen, déi laut dem Minister, och iwwerraschend kënne stattfannen. Verstéiss géint sozial Gesetzer sollen net weider toleréiert ginn, mee wann ee wëll dat d‘Gesetzer respektéiert, da kann ee sech net zur Kontroll umellen. D‘Inspekter sinn entspriechend instruéiert, mee och gewarnt ginn, datt ee keng Gefällegkeete wäert dulden. Et gëtt duerchgegraff.

Well et ëmmer flott ass mat engem Beispill de politesche Wëllen ze demonstréieren, gouf gëschter de Produktiounsstanduert vun engem däitschen Autobauer zu Forest (Bréissel) ënnert d‘Lupp geholl, an zwar ouni datt een d‘Direktioun am Virfeld iwwert de Besuch informéiert hätt. A well ee schon do war, ass dann och alles gepréift ginn, net nëmmen d‘Anhale vum Télétravail. Esou gouf hei gekuckt op all déi sanitär Oplagen a Reegele vum Betrib an den Aarbechter respektéiert ginn.

Et brauch Konzepter a Lëschten

Betreffend den Télétravail, esou mussen d‘Inspekter fir unzefänke préiwen, ob d‘Entreprise eng Risikoanalys gemaach huet, also wéi enge „Geforen“ sech d‘Personal ob der Schaff aussetzt. An uschléissend brauch et folgerichteg och ee Plang, aus deem ersiichtlech gëtt, wéi eng Aarbechte kënne vun doheem aus realiséiert ginn. Fir d‘Inspekteren ass dat eng zolidd Erausfuerderung.

Et muss sech alles decken an och nach verständlech sinn. Bei der Kontroll muss gekuckt ginn, ob déi Persoun déi op der Aarbechtsplaz ugetraff gëtt, an der Lëscht vun den essentielle Posten, also därer een wou ee muss do sinn, opgefouert gëtt. Et gëtt awer net gepréift ob d‘Presenz berechtegt ass, dat ënnerläit nach ëmmer der Verantwortung vun der Entreprise, déi d‘Prioritéite bestëmmt.

Wou dann awer Entreprise Mataarbechter aus administrative Servicer um Standuert beschäftegen, muss nogewise ginn, datt d‘Aarbecht aus „Grënn“ net am Télétravail ze realiséieren ass. Et bleift also Spillraum, mee et dierf een de Lastik net iwwerstrapazéieren. Et sollt een dann awer elo och wëssen, datt et kee wäert huet op Selbstkontroll ze setzen. Entreprise kënnen esou eppes jo net.

Dat schéngt an all 5. Entreprise leider de Fall ze sinn, an den Aarbechtsminister huet den Direkter vun der Aarbechtsinspektioun ugewisen elo duerchzegräifen. Woubäi et scho besser ginn ass, bis zur Rentrée huet all zweete Betrib géint d‘Uweisunge verstouss… Elo soll awer och nach den Inspekteren hire „Spillraum“ oder „Appreciatioun“ méi eng enk gestreckt ginn. Dat gëtt deier…

mat indymedia/bru

Illustratioun: © unsplash

Related topics Aarbechtsinspektioun, Aarbechtsminister, Belsch, Covid19-Mesuren, Homeoffice, Teletravail
Next post Previous post