Search

You may also like

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen
Neiegkeeten

Asaz vum Glyphosat verlängert vun der EU: ee Skandal, zwou Meenungen

Datt d‘Entscheedung zu Bréissel, d‘Zouloossung vum Herbizid Glyphosat ze verlängeren,

Et gëtt héich Zäit d‘Tripartite anzeberuffen
Neiegkeeten

Et gëtt héich Zäit d‘Tripartite anzeberuffen

Datt de „Lëtzebuerger Modell“ also d‘Tripartite ee ganzt gutt Instrument

Sea-Watch: 3 Froen un den Bord-Elektriker Emjay
Neiegkeeten

Sea-Watch: 3 Froen un den Bord-Elektriker Emjay

Den Emjay ass als Elektriker u Bord vun der Sea-Watch

Et gëtt keng Covid19-Testflicht fir Schüler

En Test fir Schüler wier keng Obligatioun, just ee Moyen d‘Quarantaine ze verkierzen

Et gëtt keng Covid19-Testflicht fir Schüler

Eltere ware virun dat administratiivt Geriicht gezunn, wëll si d‘Testflicht fir hir Kanner als illegal betruechten an dat zudeem ee klore Verstouss géint déi medezinnesch Vertraulechkeet duerstelle géif. Dëst „Testflicht“ ass am groussherzogleche Reglement vum 20. Februar 2021 verankert.

An der Ordonnance (Dokument N° 45825 vum- 26. Mäerz) huet de President vum administrative Geriicht statuéiert datt d‘Demande vun de Kläger ofgewise gëtt. D‘Argument, datt ee Schüler deen a Quarantaine war, muss een negativen Test muss virweisen, an datt d‘Kontroll vum fir d‘Klass verantwortlechen Enseignant (am Fondamental) an/oder dem Lycée-Direkter virgeholl gëtt, ass entspriechend dem Geriicht zoulässeg.

Et gëtt dann och drop verwisen, datt dat genannte Reglement net zu engem Test „zwéngt“, mee datt ouni d‘Virlag vun engem negativen Test, d‘Kand weiderhi muss a Quarantaine bleiwen. Et géif mat dësem groussherzogleche Reglement eenzeg dofir Suerg gedroen, d‘Kontinuitéit vum presentiellen Enseignement ze assuréieren, ouni d‘Gesondheet vun de Schüler/Studenten ze gefäerden. Et gëtt hei also kee Prejudice ze bekloen.

Hei ass et wichteg ze verstoen, datt dës Ordonnance sech net iwwert d‘Legalitéit vum Reglement ausdréckt. De Recours, bezunn op eng Reform, méiglecherweis eng Annulatioun vum Reglement ass virum administrative Geriicht unhänglech. Bis dohinner: wann Elteren hir Kanner, oder Kanner sech net wëllen an der Schoul/Lycée Teste loossen, dierfen si net derzou gezwonge ginn. Et dierf ee se awer vum Unterrecht ausschléissen.

Illustratioun: © Mikhail Pavstyuk / unsplash

Related topics administratiivt Geriicht, Covid19-Pandemie, Elteren, groussherzoglecht Reglement vum 20. Februar 2021, Schoulen, Schüler, Studenten, Testflicht
Next post Previous post