Search

You may also like

Klimaschutz: Déi däitsch „die Partei“ wëll mat Klimafuerscher an Bundeswahle goen
Neiegkeeten

Klimaschutz: Déi däitsch „die Partei“ wëll mat Klimafuerscher an Bundeswahle goen

De Satiriker an ex-Chefredakter vun „Titanic“ huet 2004 d‘Partei „die

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden
Neiegkeeten

Covid-19: Impfzertifikat iwwer MyGuichet.lu eroflueden

Zënter dem 2. Abrëll kënne Persounen, déi am Kader vun

Open Data: D’Nationalbibliothéik mécht seng Donnéeë fir jiddwereen zougänglech
Neiegkeeten

Open Data: D’Nationalbibliothéik mécht seng Donnéeë fir jiddwereen zougänglech

Am Kader vun der Open-Data Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus

Siwe Covid19-Teststatioune ginn an de Stand-by Modus

Nodeems decidéiert ginn ass, den Depistage vum Covid19 an eng nei Phas ze féieren, woumadder eigentlech ee méi cibléierten Test gemengt ass, gi siwen Teststatiounen am August an de Stand-by Modus gesat.

Aus dem gemeinsame Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Héichschoulen a Fuerschung an dem Lëtzebuerger Institut fir Gesondheet (LIH) geet ervir, datt déi éischt Phas vum grousse Flächentest (Large Scale Testing) um Méindeg ofgeschloss ginn ass. Gëschter huet de Chef vum Marketing- a Kommunikatiounsdepartement vum LIH, Arnaud d‘Agostini, matgedeelt, datt d‘Zuel vun den deeglechen Tester bei ronn 16.000 Visiteuren ukomm ass.

Domadder wier een dann och schonn zimmlech no un der Kapassitéitsgrenz ukomm. Bezunn op déi rezent Hausse vun den Neiinfektioune mam Covid19, geet ee beim LIH dann elo vun enger zweeter Infektiounswell aus. Eng Situatioun déi ee seriéis misst am A behalen, well et muss sech elo scho Gedanke gemaach ginn, wéi eng Dispositioune fir d‘Schoulrentrée 2010/21 musse geholl ginn. Am September soll jo dann och déi 2. Phas vum Massen-Depistage ulafen.

Ab September gëtt den Depistage ënnert der Leedung vun der Gesondheetsdirektioun organiséiert, an déi sollt dann och eng nei Strategie virleeën. Bis dohinner gëtt allerdéngs net opgehalen ze testen an iwwert de ganze Mount August, behält den LIH d‘Heft an der Hand. Elo ass awer och Vakanz a vun dëser soll jidderee profitéiere kënnen. Esou wier decidéiert ginn, datt ee sech der Situatioun elo upasst an am August méi geziilt teste wäert fir d‘Zentren ze entlaaschten.

An der Konsequenz gi siwen Teststatiounen den nächste Mount an de Stand-by Modus versat. Dat heescht, datt se ouni Tester duerchzeféieren awer bäibehale ginn, fir wann sech ee Besoin ergëtt, direkt nees kënnen operationell ze sinn. Bei dëse Statiounen handelt et sech ëm: Dikrech, Dippech, Gréiwemaacher, Houwald, Ierseng, Jonglënster an Nidderaanwen. Déi aner néng Statiounen am Land bleiwe weiderhi ganz normal op, a schaffen onverännert weider.

Related topics Covid19, Covid19-Tester, Gesondheetsministère, Large Scale Testing, LIH, Teststatiounen
Next post Previous post