Search

You may also like

SEA: Fir den Ëmgang mat Liewensmëttelallergie bei Kanner
International Neiegkeeten

SEA: Fir den Ëmgang mat Liewensmëttelallergie bei Kanner

D’Zuel vun de Kanner, déi an engem Service d’Education an

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun
International Neiegkeeten

No Uschëllegunge vum LFR: De Minister Asselborn erkläert d’Situatioun

Nodeems de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) gëschter mat engem Schreiwes op

D‘Pirate a méi rouege Gewässer
International Neiegkeeten

D‘Pirate a méi rouege Gewässer

Et war e mouvementéiert Joer zanter dem leschte Kongress an

Covid19 zu Besuch an der Tierkei

Offiziell gëtt et am Land dunn Bosporus kaum Infektiounsfäll an ganz seele géif ee stierwen

Covid19 zu Besuch an der Tierkei

Ob Diktatur oder totalitäre Regime, esou politesch Gesellschaftsforme sinn net op Krisen am Gesondheetswiesen agestallt, a wann dat Land op der Welt mat de beschte Medezinner a Fuerscher scho Problemer kritt, kann ee sech virstellen, datt et an der Tierkei eppes méi schlëmm ass.

Ankara allerdéngs bleift derbäi: et géif nëmme wéineg vum duerch Covid19 infizéiert Mënschen an der Tierkei. D‘Leit sinn awer net esou schlecht informéiert, wéi sech d‘Regierung dat wënscht an elo wiisst dann och d‘Mësstrauen. An de soziale Medien ass esou de Stierfregëster vun Istanbul opgetaucht, iert aus engem onerklärleche Grond den Zougang zu der Säit gespaart ginn ass.

Lat dem Regëster waren den 28. Mäerz zu Istanbul 255 Mënsche gestuerwe, a bei 20 Stierffäll war notéiert ginn, datt 20 ënnert hinnen, um Coronavirus Covid19 agaange sinn. Fir den tierkesche Gesondheetsminister Fahrettin Koca awer, hat et op dësem Dag nëmme 16 Pandemie-Affer ginn, an dat an der gesamter Tierkei. Méi brauch et net fir bei der Bierger Mësstrauen ze erwächen.

Tierkei

Interessant an dësem Fall, no zwee Deeg huet d‘Verwaltung vum Istanbuler Kierfecht erkläert, datt et sech hei ëm ee Feeler hirersäits handelt, an selbstverständlech déi vum Minister virgeluechten Zuele richteg sinn. Dat kënnt esouguer an der tierkescher Beruffskummer den Dokteren net gutt un, woubäi déi eigentlech voll a ganz dem tierkesche President Recep Tayyip Erdogan verflicht ass.

Et wëll ee kee beonrouegen

De stellvertriedende Virsëtzenden Ali Cerkezoglu: „Mir mussen dësen Zuele gleewen, akzeptéiere musse mir se net. Wann net genuch Tester an engem Land gemaach ginn, léisst sech driwwer streide wéi vill Infektiounsfäll et tatsächlech gëtt“. Säit dem Ausbroch vun der Pandemie bis zum leschte Weekend, sinn an der Tierkei manner wéi 50.000 Tester gemaach ginn, dat géif net duer goen.

A wéi dat esou ass, wann et keng oder kaum iwwerpréifbar Zuele gëtt, kréien d‘Spekulatiounen Héichkonjunktur. Et ginn also just déi „offiziell“ an um 29. Mäerz huet e geheescht, datt an der Tierkei 9.217 sech ugestach hunn an 131 Mënschen un der Infektiounskrankheet gestuerwe sinn. Vum 28. op den 29. Mäerz sinn 9.982 Tester duerchgefouert ginn, 1.815 wiere positiv gewiescht.

TierkeiAus de Reie vun der Oppositioun huet sech den Dokter an Deputéierte vun der HDP zu Wuert gemellt. Hei behaapt den Dr. Ömer Faruk Gergerlioglu, datt d‘Regierung net emol op déi niddreg Zuele virbereet war. „D‘Ministère hu grad gemaach, wéi wann de Virus net d‘Tierkei erreeche kéint. Mee mir bedreiwen en intensive Wueren- a Persoune Verkéier mat China“, esou den Dokter.

Konnt keen esou erwaarden

Woubäi een och bedenke sollt, datt wéi de Coronavirus Covid19 den Iran erreecht hat, war et kloer datt d‘Tierkei net géif verschount bleiwen. Elo ginn dann och an der Tierkei d‘Schoulen an d‘Universitéiten zougemaach, déi allermeeschte Geschäfter mussen och hir Aktivitéiten astellen, an den universelle Message „Bleift Doheem“ ass säit dem Méindeg an der Tierkei omnipresent.

Den internationale Fluchverkéier ass agestallt ginn, a wien bannent dem Land mam Fliger wëll verreesen, brauch eng Autorisatioun. 40 Gemenge sinn ënner Quarantaine gestallt ginn, ob dat awer ëmmer mat der Pandemie a Verbindung steet, léisst Opgrond deem Recep Tayyip Erdogan seng repressiver Politik net mat Bestëmmtheet behaapten. D‘Beruffskummer fuerdert méi Transparenz.

TierkeiAn et kënnt nach ee weidere Problem op d‘Tierkei zou, esou am Strofvollzuch. D‘Prisonge sinn iwwerfëllt säit de Sultan regimekritesch Beamten, Professeren, Riichter a Journalisten, verhafte gelooss huet. Fir de Justizminister kee Grond zur Suerg: „Wie krank gëtt kënnt an e Spidol, an wann den Häftling et iwwerlieft geet et zréck an de Prisong“, esou de Justizminister Abdulhamit Gül.

Iwwer Entlaaschtung gëtt nogeduecht

Trotz allem schéngt awer och den Abdulhamit Gül sech de Geforen net sécher, firwat hien zu Ankara e Gesetzesentworf virgeluecht huet, mat deem bis zu 100.000 Häftlinge virzäiteg aus dem Prisong kéinten entlooss ginn. Fraeverbänn sinn a Suerg, datt vill Sexualstrooftäter iwwert dëse Wee kéinte fräigelooss ginn. Säitens der Regierung gëtt et awer dozou Entwarnung.

Offiziell heescht et, datt Mäerder, Sexualstrooftäter a Terroristen hanner Gitter bleiwen. Politesch Prisonéier gëtt an der Tierkei keng. Et dierf een dovunner ausgoen, datt déi als regimefrëndlech agestuuften Insassen hei bevirzucht ginn. Wie Kritik um Regime ausüübt oder als kritesch betruecht gëtt, wäert kaum fréizäiteg aus dem Prisong entlooss ginn, si gëllen als „Terroristen“.

TierkeiAn offiziell gëtt et vill „Terroristen“, wat awer dem Propagandaartikel am Terrorgesetz ass. Datt hat dem Sultan sengerzäit méiglech gemaach, Mënsche wéinst hirer Meenung ze verhaften. Vill Schrëftsteller, Journalisten a Politiker sinn esou ënnert d‘Rieder vun der Justiz geroden. Et gëtt zudeem vill Dokteren a Fleegepersonal, déi mëttels dësem Gesetz am Prisong gelant sinn…

mat indymedia/ist/dsk

Foto: Italien ass eent vun de betraffenste Länner, an awer hëlleft dat italienescht Rout Kräiz der Tierkei. Hei gëtt wichtegt medezinescht Material zesummegestallt, datt fir den tierkesche rouden Hallefmound (de moslemesche Pendant zum roude Kräiz) bestëmmt ass. © Croce Rossa Italiana

Related topics Coronavirus, Covid19, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post