Search

You may also like

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère
Neiegkeeten

Éieremedaile fir de Gesondheetsministère

Um 20. Juni huet den Étienne Schneider, Vize-Premierminister a Gesondheetsminister,

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee
Neiegkeeten

COP25: UN-Weltklimakonferenz um Holzwee

Vill vun den 196 Länner hu sech géint Kompromësser gestallt,

geek
WhatsApp an der Kritik
Neiegkeeten

WhatsApp an der Kritik

De Kuerznoriichtendéngscht WhatsApp huet sech derzou entscheet, d‘Aféierung vun den

Covid19-Vaccin: Wann d‘Fleegepersonal net mat mécht, wat dann?

Covid19-Vaccin: Wann d‘Fleegepersonal net mat mécht, wat dann?

Wann een emol dovunner Abstraktioun mécht, datt gutt zweedrëttel vun den am Gesondheetssecteur Beschäftegten net am Land wunnen, an et och alles Mënsche sinn „wéi du an ech“ a sech un déi vum l‘Essentiel gemaachten Ëmfro bei hire Lieser bezitt, da kann een dovunner ausgoen, datt et och ënnert dëser Populatioun wäert Mënschen hunn, déi keng Loscht op d‘Impfung hunn.

Dat ass natierlech schrecklech kontraproduktiv, vu datt si déi éischt sinn, déi solle geimpft ginn. A wann déi Leit wou ee Fleege sollen, kee Vertrauen an de Vaccin hunn, dierft et komplizéiert ginn de Patient vum Notzen iwwerzeegt ze kréien. An dat gëllt fir Medeziner wéi Fleeger gläichermoossen. Hir Zweiwel berouen interessanterweis un all deem wat si wärend hirer Ausbildung geléiert hunn.

Esou sinn déi Impfstoffer, déi elo op de Maart geworf ginn, an engem nach ni do gewieschte Sprint entwéckelt, getest an op hiren Notze gepréift ginn. Generell stellen dës Mënschen den Impfstoff net a Fro, si hätten awer scho gären ee Minimum u Garantië betreffend Niewewierkungen, déi Mëttel- oder Laangfristeg kënnen optrieden. Dat gesinn d‘Dokteren zuweilen eppes méi Differenzéiert.

Esou huet de Beruffsverband vun den Dokteren an Zänndokteren (AMMD) bekannt gemaach, datt ee fir de Vaccin ass, ënnert der Konditioun och ëmfänglech informéiert ze ginn. Verständlech, sinn et dach grad si, déi de Patient opkläre mussen. Ass d‘Informatioun net kloer, kann sech jo och keng Vertrauensbasis bilden. D‘Vertrauen ass zwéngend noutwenneg, wann d‘Leit solle matmaachen…

Illustratioun: © National Cancer Institute / unsplash

Related topics AMMD, Covid19-Vaccin, Fräiwëlleg, Gesondheetssecteur, Impfgéigner, Impfstoff
Next post Previous post