Search

You may also like

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett
Meenung Neiegkeeten

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?
Meenung Neiegkeeten

D‘Klappjuegd… eng „rekreativ“ Aktivitéit?

Si verstinn net firwat ee Klappjuegten als rekreativ Beschäftegung verkläert,

Police-Übung op der Europaplaz
Meenung Neiegkeeten

Police-Übung op der Europaplaz

D’Police deelt iwwert déi sozial Medien mat, datt et an

Kee Patentrecht op Covid19-Vaccinen

Säit der Grënnung vun eiser Partei fuerdere mir Piraten, dass de Patentsystem reforméiert gëtt. Firwat dat esou wichteg wier, gesäit ee spéitstens elo. De Covid19-Vaccin muss der ganzer Welt zur Verfügung stoen !

Kee Patentrecht op Covid19-Vaccinen

Réierunge weltwäit hunn de Pharmakonzerner gehollef, hier Impfstoff-Entwécklung ze finanzéieren. Dofir sollten d’Resultater vun hire Fuerschungen net hinnen eleng gehéieren. D’Biergerinnen an d’Bierger hunn e Recht drop, dass alles gemaach gëtt, fir dass esou vill ewéi méiglech Vaccin produzéiert gëtt. An dat schéngt nëmmen duerch Zwangslizenze méiglech ze sinn.

Den Impfstoff Produzent AstraZeneca hat nach d’lescht Joer am Dezember versprach, d’EU-Länner kriten 80 Milliounen Impfstoff-Dose bis Abrëll 2021. Gëschter huet et geheescht, si kéinte 40 Millioune liwweren. An den Ae vun der EU-Kommissioun eng Victoire, hat de Produzent d’lescht Woch nach vun 9 Milliounen Dose manner geschwat.

Fir eis Piraten ass dat awer ee weidere Beweis dofir, dass eng Hand voll Pharmakonzerner net dierf eleng entscheeden, wéi vill Vaccin produzéiert gëtt. Wann all d’Pharmakonzerner op der Welt dierften de Vaccin vu BioNTech, Moderna oder AstraZeneca produzéieren, wier et méiglech méi séier, méi Impfstoff ze produzéieren.

“D’Impfdebatt weist, firwat Wëssen an d’medezinesch Versuergung iwwert den Interête vun Eenzele stoe mussen, an der ganzer Gesellschaft sollen zougänglech sinn.Wann AstraZeneca hire Kontrakt net anhält an d’Liwwerungen ze geréng sinn, da sollte mir ufänken aneren Demandeure Lizenze fir d’Patenter vu Covid19-Vaccinen auszestellen, fir esou d’Produktioun ze erhéijen.” , erkläert den Deputéierte Sven Clement

Jo, verschidde Firme schaffe mat aneren zesummen, fir hier Produktioun ze beschleunegen. BioNTech-Pfizer huet mëttlerweil 13 Partner, déi hinnen hëllefen. Mee et kéinten der nach méi sinn. Global Player ewéi Bayer sollten net nach un engem eegenen Impfstoff schaffen mee een Impfstoff produzéieren, dee scho getest an zougelooss ass!

Dofir mussen d’Patenter op de Coronavirus-Impfstoffer ausgesat ginn. Zwangslizenze musse vergi ginn. An d’Entwéckler sollten als Ausgläich um Gewënn vun deene Firme bedeelegt ginn, déi hier Formel benotzen.

„Wir können nicht auf der einen Seite die Grundrechte der Bürgerinnen und Bürger stark einschränken und auf der anderen Seite solch falsche Rücksicht auf das Gewinnmaximierungsinteresse der Pharma-Konzerne nehmen. Zumal diesefür die Erforschung und auch die Produktion bereits Milliarden staatliche Subventionen erhalten haben.“ betount de Bodo Noeske, Spëtzekandidat fir d’Piratepartei a Rheinland-Pfalz.

Nëmmen zesumme kënne mer dëse Virus lass ginn. An dofir dierf d’Gesondheet vun eis allnet an den Hänn vun e puer Konzerner léien

matgedeelt vun der politescher Sensibilitéit d’Piraten – d’Meenunge vun de Parteien sinn hir eegen

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics AstraZeneca, Covid19-Vaccin, Moderna, Patentrecht, Pfizer/Biontech, Piraten
Next post Previous post