Search

You may also like

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich
Neiegkeeten

Regierung erkläert Häerzkreeslafkrankheeten de Krich

Beim Regierungsrot e Freideg ass et net nëmmen ëm den

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen
Neiegkeeten

D‘Aen net virun der Realitéit verschléissen

Sea-Watch an “Border Violence Monitoring Network” hunn der Mënscherechtskommissioun vun

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)
Neiegkeeten

Tester an den Tunnellen zu Fréiseng a Munneref (11.04.2021)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt an den Tunnellen zu Fréiseng a

Covid19: Nach ëmmer ze vill Verstéiss

Wéi ugekënnegt, huet d‘Police verstäerkt Kontrollen duerchgefouert a misse protokolléieren

Covid19: Nach ëmmer ze vill Verstéiss

Eigentlech ass et net novollzéibar, an deels esouguer verwonnerlech, well all d‘Medien am Land haten et zimmlech däitlech erwäänt, datt am Kontext vun der Reprise vun den Neiinfektiounen, d‘Police sech méi staark op de Beholl vun de Leit, bezunn op d‘Obligatiounen a Virschrëften déi mam neie Covid19-Gesetz verschäerft goufen, konzentréiere géif. Et wousst ee wat géif kommen.

An der Nuecht vum Freideg op e Samschdeg hunn d‘Beamten dann och iwwerpréift, ob sech d‘Leit no de villen Appeller géifen um Rimm gerappt kréien, an sech elo endlech un d‘Virschrëfte géifen halen. Ugefaange mat der Policestonn, déi bekanntlech ëm eng Stonn, also op Mëtternuecht virgezu ginn ass. Mee och d‘Anhale vun de sanitäre Reegelen (Mask) haten d‘Polizisten am Bléck.

Datt d‘Polizisten et alt nees an der Stad Lëtzebuerg mat engem „Etablissement“ am Garer-Quartier (Dicks-Strooss) ze dinn haten, weist drop hin, datt de Message bei gewësse Leit einfach net wëll ukommen. An dësem Haus war um 1.30 Auer nach ëmmer zolidd eng Lass, firwat d‘Beamten hu missen op der Plaz nokucken, firwat sech de Bedreiwer net un déi virgeschriwwen Zäiten hale wëll.

Emol op der Plaz sollten si net schlecht Staunen, datt hinnen den Zoutrëtt verweigert ginn ass. Eng éischter desagreabel Situatioun, déi d‘Laun vun de Polizisten net wierklech verbessert huet. Si hunn d‘Pompjee geruff, déi dat entspriechend Material zur Verfügung hunn, och déi verschlossenst Dier opzemaachen. Wéi dës da beim Etablissement ukomm sinn, huet de Wiert et virgezunn opzespären.

Gedold bezilt sech aus

Mëttlerweil war 1.50 Auer, a keng Mënscheséil méi unzetreffen. Haten sech d‘Clienten a Loft opgeléist? Net wierklech… déi haten sech an déi iewescht Stäck zeréckgezunn, wat d‘Beamte virun en neie Problem gestallt huet. Dëse Beräich vum Etablissement ass „Privat“ an deen dierfen d‘Polizisten net esou einfach betrieden. Et koum zum erausgefuerderte Kaz a Maus Spill…

D‘Beamten hunn d‘Erausfuerderung ugeholl a sech a Gedold geüübt. D‘Clienten hu jo iergendwa mussen den Heemwee untrieden. Eng fofzéng Persounen hunn sech um 3.30 Auer dann op de Wee gemaach, net awer ouni de Beamten hire Numm an Adress ze hannerloossen. Déi dierften elo mat Post rechnen. Fir de Patron dierft et déi lescht „Party“ fir dëse Summer gewiescht sinn.

Et ass net fir d‘éischt an de Wiert sollt au Courant sinn, datt esou ee Verstouss beim éischte Virfall mat 4.000 Euro a beim zweeten da scho mat 8.000 Euro belaangt gëtt. Widderhuelungstäter mussen dann och domadder Rechnen, datt hiert Etablissement – esou wëll et d‘Gesetz – mat enger administrativer Fermeture vun dräi Méint ka beluecht ginn. Dat decidéiert d‘Police awer net.

Anerwäerts ass et net besser

Fir de Stater Wiert awer dierft et net einfach ginn. D‘Police huet et net gäre wann een de Geck mat hinne mécht, an déi zoustänneg Instanzen dierften en entspriechende Bericht virgeluecht kréien. Zu Esch huet d‘Police um 2 Auer eng Feier op der Brillplaz missen ënnerbriechen. Hei haten sech eng zéng Leit un der Nuetsrou vergraff. Och hei gouf d‘Identitéit vun de Leit vun der Police festgestallt.

Zu Déifferdeng war et nees e Bistro, deen um 1.25 Auer nach zwee Gäscht „beherbergt“ hat. Am Norde vum Land huet d‘Police sech engem Vollert missen unhuelen. De Mann dee géint 23 Auer an der Ettelbrécker Gar fir Opmierksamkeet gesuergt huet, hat eng anstänneg am Diwwi a wollt och trotz frëndlecher Opfuerderung einfach net seng Gesiichtsmask undoen. Hie gouf matgeholl…

Wann de Mënsch sech an der däischtert net esou gutt behëlt, esou schéngt et awer daagsiwwer besser ze sinn. Am Kontext vu „Vakanz doheem“ ass de Stauséi jo ganz gutt besicht, firwat och hei muss verstäerkt kontrolléiert ginn. D‘Gemengen hunn e private Sécherheetsdéngscht mat der Surveillance beoptraagt, mee reegelméisseg Policepatrulle kënnen net schueden. Hai war awer alles an der Rei.

Illustratioun: D‘Covid19-Pandemie ass nach net eriwwer, firwat jiddereen opgeruff ass sech dach wann ech gelift vernënfteg ze behuelen. Well dat erwisenermoosse vun enger Minoritéit einfach net wëll verstane ginn, huet leschten Donneschdeg d‘Chamber d‘Covid19-Gesetz missen entspriechend amendéieren. Et ass eben einfach nach ze fréi fir Party. © Nick Fewings / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, HORESCA, Kontroll, Police, Protokoll
Next post Previous post