Search

You may also like

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau
Neiegkeeten

Ukrainesche President wëll den „totale Krich“ mat Moskau

Den ukrainesche President, Petro Porochenko, huet d‘Méiglechkeet vun engem totale

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt
Neiegkeeten

Den e-Bike ass populär, praktesch a schount d’Ëmwelt

Zu Lëtzebuerg kann een 2017 als Joer vum Vëlo bezeechnen.

Zu Helleng ginn se Vollgas
Neiegkeeten

Zu Helleng ginn se Vollgas

Et gëtt sécherlech vill verréckten Iddien. Mee eng Manche aus

Covid19 zu Lëtzebuerg: 820 Neiinfektiounen a 6 Stierffäll bannent enger Woch

Covid19 zu Lëtzebuerg: 820 Neiinfektiounen a 6 Stierffäll bannent enger Woch

A ganz Europa weist d‘Tendenz bei de Covid19-Infektiounen no uewen, firwat et a ville Länner nees zu verschäerfte Mesure kënnt. Lëtzebuerg ass vun dësem Phenomen net ausgeholl, an esou klammen och bei eis d‘Zuelen.

Iwwert de Weekend sinn zwou weider Persounen dem Covid19 erleeën, 362 Leit si positiv getest ginn. E Samschdeg waren et der bei 6.693 Tester 154, Um Sonndeg goufen nach 5.275 Persoune gestest an hei waren der 208 positiv. Domadder klëmmt de Taux vun der Positivitéit vun 1% op dann elo 2%. Wéi a wou sech d‘Leit ugestach hunn, huet de Ministère net matgedeelt.

Lëtzebuerg verzeechent zanter dem Ausbroch vun der Pandemie 9.722 Infektiounsfäll. Dovunner entfalen der 820 eleng op déi lescht Woch. Iwwert déi lescht Woch si sechs Mënschen un de Folge vun der Infektiounskrankheet gestuerwen. Bis ewell sinn esou 132 Mënschen u Covid19 gestuerwen. 30 Leit sinn zur Stonn hospitaliséiert, dovunner eng Persoun op der Intensivstatioun.

Et zitt nees un an – ouni den Däiwel un d‘Mauer ze molen – et heescht dat Ganzt mat Verstand a Vernonft unzegoen. De Wanter steet vrun der Dier, a mat dësem déi „normal Wantergripp“, déi allerdéngs mat vergläichbare Symptomer optrëtt. Et wier aus dësem Grond sënnvoll, sech elo géint d‘Gripp impfen ze loossen, och dann, wann een net zu der sougenannte Risikogrupp gehéiert.

Illustratioun: Laut dem Gesondheetsministère si mir all en Deel vun der Léisung. Sech teste loosse geet do allerdéngs net duer, et heescht och sech un d‘Reegelen ze halen. © Engin Akyurt / unsplash

Related topics Covid19, Lëtzebuerg, Situatiounsiwwersiicht
Next post Previous post