Search

You may also like

YASSI – dee mat Ofstand frëndlechste Portugis
Neiegkeeten

YASSI – dee mat Ofstand frëndlechste Portugis

Et geet nees op Chrëschtdag zou, a vill Mënschen am

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot
Neiegkeeten

Wéinst dem Verkéiersreglement gouf et kuerzzäiteg Zoff am Escher Gemengerot

Et vergeet a grousse Gemenge kaum eng Rotssëtzung ouni datt

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!
Neiegkeeten

OPGEPASST: Ongekennzeechent Gluten a Lasagne vum Delhaize!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt eng Lasagne

PCR-Test: Zwee weider Testzentren ginn op

PCR-Test: Zwee weider Testzentren ginn op

Fir op déi steigend Demande u Covid-19-Tester reagéieren ze kënnen, ginn an dëser Woch zwee weider Testzentren (centres de prélèvement – CDP) op. Heizou gehéieren

Ab haut um 12:00 Auer: Testzentrum Esch-Uelzecht (2, Rue Jos Kieffer)

  • Hei ginn d’Tester ouni Rendez-Vous am viraus gemaach. Benéidegt gëtt allerdéngs eng Ordonnance vum Dokter. Kanner gi réischt ab engem Alter vu 6 Joer getest.
  • Et ass all Dag op vun 10:00 bis 17:00 Auer.

Ab e Freideg, de 6. November: Testzentrum mat Drive-In um LNS-Site zu Diddeleng (1, rue Louis Rech)

  • Hei ginn d’Tester mat Rendez-Vous (rdv.lnvs.lu) an mat Ordonnance vum Dokter gemaach. Kanner gi réischt ab engem Alter vu 6 Joer getest.
  • Et ass op vu Méindes bis Samschdes vun 9:00 bis 17:00 Auer.

An dësem Kader gëtt drun erënnert, datt och privat Laboen hir Offer u PCR-Tester an dëser Woch ausweiten wäerten. Fir weider Informatioune soll een op déi jeeweileg Internetsäit kucke goen.

Opmaacherbild: © LNS

Related topics Diddeleng, Esch-Uelzecht, LNS, PCR-Test, Santé, Testzentren
Next post Previous post