Search

You may also like

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun
Neiegkeeten

Chrëschtbeliichtung géint d‘schlecht Laun

De Stater Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot hat sech d‘Chrëschtdeeg

En Englänner zu Paräis
Neiegkeeten

En Englänner zu Paräis

Et sinn nach ronn 70 Deeg bis zum Brexit an

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 10. bis den 16. Mee 2021

Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 10. bis den 16. Mee 2021

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt, sech d’lescht Woch ronn 759 (-19,0%) Persoune mam Coronavirus ugestach hunn. D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 32,2 Joer.

Et goufen 49.806 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 53.486 Tester. 204 Leit hunn e postifen Schnelltest gemellt. De 16. Mee goufen 2.167 aktiv Infektioune gemellt, de 9. Mee waren et 2.467. Am Ganzen ziele mir 65.460 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie bei 3 Fäll, déi sinn erofgaangen. D’Altersmoyenne läit do bei 83 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 0,84 – en ass soumat stabil. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 1,52%. An der leschter Woch waren et 1,75%. D‘Inzidenz läit bei 120 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 147/100.000, en ass och hei liicht erofgaangen.

An de Spideeler ginn 43 Patienten op der normaler Statioun an 29 Patienten intensiv behandelt. Et waren 2.049 (-16,4%) Persounen an der Isolatioun. 2.701 (-19,6%) hunn sech a Quarantaine befonnt. De Familljekrees ass nach ëmmer déi Plaz, wou sech am meeschten ugestach gëtt (45,6%), d’Educatioun ass mat 6,3% dobäi an d’Aarbecht mat 4,0%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 37,9%.

Impfungen:

An der Woch vum 10. bis de 16. Mee gouf am Ganzen 43.646 mol geimpft. Dovunner krute well 19.184 hier zweet Dosis.

Virusmutatiounen:

Déi britesch Variant representéiert 81,1% an déi südafrikanesch Variant 6,8% vun de Fäll. Déi brasilanesch Variant ass bei 4,5% an 4 Fäll vun der indescher Variant goufen nogewisen.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV2 ass an den dräizéng Kläranlagen erofgaangen. Am Verglach zu de leschte Wochen ass dat kloer ze gesinn. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsichteg muss sinn.

Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

Illustratioun: © Fusion Medical Animation / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Gesondheetsministère, Inzidenz, Situatiounsiwwersiicht
Next post Previous post