CovidCheck-App: Deemnächst keng gréng Luucht méi fir de Mickey, Spongebob a Co.

De Gesondheets- an Digitaliséierungsministère reagéieren (endlech) op déi gefälschten QR-Coden op den Impf-Zertifikater. An noer Zukunft soll d’Applikatioun CovidCheck.lu erfonnten Identitéiten als „ongëlteg“ uweisen.

Datt Ongeimpfter an och Virwëtzeger sech mam Impfpass vun der Mickey Maus, Spongebob oder och dem ehemolegen nationalsozialisteschen Diktator a Raimlechkeeten an op Evenementer erageschmuggelt hunn, gouf a leschter Zäit immens kritiséiert. Et huet seng Zäitche gedauert, mee nom Motto „besser spéit wéi ni“ handelen d’Ministèren.

Ab wéini et da rout Luucht fir Fantasie-Identitéite gëtt, gouf allerdéngs net matgedeelt. Ma, et sollt een awer drun denken ëmmer déi aktualiséiert Versioun vun der App um Handy ze hunn. Jee no Astellung geschitt dat automatesch, a verschidde Fäll muss den Notzer et selwer iwwert den App Store respektiv Google Play maachen.

D’Geleeënheet gëtt dann och genotzt, fir eng kleng awer wichteg Informatioun zur Booster-Impfung ze ginn. Den Zertifikat vun der Opfrëschung ass sécher gülteg fir Lëtzebuerg, mee well all Land senge eege Reegelen opstelle kann, gëtt gerode sech bei Auslandsreesen am viraus ze informéieren an am beschte Fall den Zertifikat vun der drëtter Impfung anzepaken.

Dernières nouvelles