Search

You may also like

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August
Uncategorized

En Dag an der Natur – D’Aktivitéite vu Mëtt bis Enn August

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
Uncategorized

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

Polizist: Keen einfachen „Job“
Uncategorized

Polizist: Keen einfachen „Job“

Op Meschelsdag, an dat huet Traditioun, éiert d‘Police hire Patréiner

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App

Nei a vereinfacht Funktiounen an der CovidCheck-App

Déi mobil Applikatioun CovidCheck huet nei Funktiounen Opweises. Esou kann een elo unhand vu Fändelen och aner Länner auswielen, säin Zertifikat scannen, dësen als verifizéiert markéieren wann en de Reegele vum jeeweilege Land entsprécht, an doduerch verschidde Prozedure vereinfachen.

Wie beispillsweis a Spuenien an d’Vakanz geet, muss doduerch net méi déi spuenesch App eroflueden, mee ka seng Dokumenter einfach iwwert de Lëtzebuerger Outil virweisen. Opgelëscht sinn déi Länner, déi hir Reegelen zur Validéierung verëffentlecht hunn. Dës Lëscht gëtt no an no aktualiséiert.

Bis ewell sinn iwwert 1 Millioun CovidCheck-Zertifikater (EU DCC) vu Lëtzebuerger Autoritéite iwwermëttelt ginn. Dës Zertifikater, digital oder a Pabeierform, beweisen, datt de Besëtzer geimpft ass, e rezenten negativen Test (PCR- oder Schnelltest) virweise kann oder an de leschte 6 Méint u Covid-19 infizéiert war a geheelt ass – Geimpft, getest, genesen.

Persounen ab 16 Joer kréien automatesch am perséinleche Beräich op MyGuichet.lu den digitalen Zertifikat erstallt. Ze fanne sinn d’Dokumenter zënter dem 5. Juli och iwwert d’MyGuichet-App.

Related topics CovidCheck-App, EU DCC, Geimpft, Genesen, Getest, PCR-Test, Schnelltest, Vakanz, Zertifikat
Next post Previous post