Search

You may also like

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
International Money Neiegkeeten

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

Et huet alles 1983 ugefaangen, wéi den deemolegen US-President Ronald

Kampf géint den Drogenhandel
International Money Neiegkeeten

Kampf géint den Drogenhandel

De „klengen Dealer“ op der Strooss ze erwëschen ass méi

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten
International Money Neiegkeeten

De Luxembourg City Tourist Office adaptéiert d‘Ëffnungszäiten

Am Kontext vun der Ouschtervakanz an der sech ukënnegender Summersaison,

money

CPTPP: Kanada huet dëst transpazifescht Partenariat ratifizéiert

CPTPP: Kanada huet dëst transpazifescht Partenariat ratifizéiert

Gëschter huet Kanada d‘Fräihandelsofkommes „Comprehensive and Progressive Agreement for Trans-Pacific Partnership“ (CPTPP) ratifizéiert. Dësen Handelspakt verbënnt ronn 500 Millioune Mënschen an 11 Länner op béide Küste vum Pazifik, a kéint schonn Ufank 2019 a Kraaft trieden.

No engem favorabele Vott a béide Kummere vum federale Parlament, huet den Accord „déi royal Sanktioun erhalen“, mat där d‘Fräihandelsofkommes ugeholl ginn. Den Accord, deen am Mäerz ouni d‘USA ënnerschriwwe ginn ass, soll 60 Deeg no senger Ratifikatioun – vun op mannst sechs vun den eelef Signatairen – a Kraaft trieden.

Ratifizéiert hunn de CPTPP: Singapur, Neiséiland, Japan, Mexiko a Kanada. An Australien dierft et nach just eng Fro vun Deeg sinn. Folgend Länner hunn d‘Prozedur zur Ratifikatioun nach net ganz ofgeschloss: Brunei, Chile, Malaysien, Peru a Vietnam.

CPTPP

Nom protektionistesche Réckzuch vun der Trump-Administratioun, hat Kanada am Summer op de Gas getrëppelt, an d‘Demarche virugedriwwe fir dësen Accord op d‘Been ze stellen, an esou de Kanadeschen Entreprisen – déi zimlech vun den USA ofhängeg sinn – d‘Méiglechkeet ze ginn, hir Mäert ze diversifizéieren. Emol a Kraaft sinn 99% vun den Wuere fir den asiatesche Maart Zollfräi.

15% vum Welt-BIP

„Kanada profitéiert elo vun enger besserer Previsibilitéit an enger gréisserer Gewëssheet op den dynamesche Mäert vum pazifeschen Asien“, betount de sichtlech zefriddenen. Jim Carr, Minister fir internationalen Handel. Et geet hei och ëm eppes: de CPTPP bedeit 15% vum weltwäite BIP.

Wann een déi ekonomesch Bezéiung mat den USA eppes méi genee betruecht – Zweedrëttel vum kanadeschen internationalen Handel maachen déi kanadesch Entreprise mat den USA – erkläert et zudeem firwat de CPTPP fir Kanada vun héchster wirtschaftlech-strategescher Bedeitung ass.

Dëst transpazifescht Partenariat war ënnert dem US-President Barack Obama gefërdert ginn. Dat an éischter Linn, well den Accord als Géigegewiicht zu steigenden Afloss vu China bewäert gëtt. Den Donald Trump, am Kader vu senger „America First“ Strategie, hat dëse Fräihandelsaccord direkt no senger Wahl opginn.

De CPTPP ass en ambitiéise Pakt, dee wäit iwwert d‘Ophiewe vun Handelsbarrièren eraus geet. Et ass am Accord och virgesinn, déi „net-tariflech“ Barrièren ze hiewen. Den Accord erlaabt den Entreprisen aus de Memberlänner, un ëffentlechen Ausschreiwungen an allen eelef Partnerstaaten deel ze huelen.

Et leet zudeem gemeinsam Norme fir den elektroneschen Handel a Finanzdéngschtleeschtunge fest, a verflicht zum Respekt vum Aarbechtsrecht no de Normen, wéi se vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) festgeluecht sinn.

mat AFP

Related topics CPTPP, Fräihandelsaccord, Kanada
Next post Previous post