Search

You may also like

Kannergeld: E fest Recht vun all Kand
Neiegkeeten

Kannergeld: E fest Recht vun all Kand

Fir d’CSV muss d’Kannergeld e Recht vun all Kand bleiwen.

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
Neiegkeeten

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!

Vergaangene Sonndeg huet déi Hamburger Ska-Punk Band Rantanplan zu Saarbrécken

Editorial: Loosst mech a Rou… ech si Geimpft
Neiegkeeten

Editorial: Loosst mech a Rou… ech si Geimpft

Et ass jo richteg, datt engem no elo iwwer 13

Crèche L’Abeille: 44 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Crèche L’Abeille: 44 Aarbechtsplaze stinn um Spill

Um 16. Januar 2020 goufen den OGBL an den LCGB doriwwer informéiert, datt d’Crèche L’Abeille wäert zou maachen, ouni datt ee prezisen Datum genannt ass.

D’Crèche L’Abeille, mat Sëtz bei der Europäescher Investmentbank (EIB) um Kierchbierg, zielt momentan 44 Salariéen an këmmert sech zënter 1995 ëm d’Kanner vum Personal. Huet een dach iwwert Joren d’Vertrauen oprecht erhalen, esou muss een no enger unilateraler Decisioun säitens der Bank elo mam Service ophalen.

Den LCGB, als Porte-Parole vun de Salariéen, sou wéi den OGBL stelle fest, datt et weder ee sozialen Dialog ginn ass, nach déi noutwenneg Kommunikatioun tëscht der BEI an dem Prestataire. Hir Aart a Weis ze handele stellt eng Indifferenz fir de Salarié a fir d’Elteren duer. Sollt kee legale Schutzkader bestoe steet d’Existenz vu 44 Aarbechtsplazen um Spill.

D’Syndikater sinn net bereet, dëst Handele vun der BEI an dem Prestataire unzehuelen. Si fuerderen eng Begrënnung, wisou d’Crèche zoumécht a froen eng adequat Léisung, fir esou d’Aarbechtsplaze vun de concernéierte Salariéen ze erhalen.

Related topics Aarbechtsplaz, Crèche L'Abeille, EIB, Europäesch Investitiounsbank, LCGB, OGBL
Next post Previous post