Search

You may also like

D‘Blanche vu Battin… der Traditioun verflicht
Neiegkeeten

D‘Blanche vu Battin… der Traditioun verflicht

Battin, déi fréier Escher Brauerei, ass 2005 vun der Brasserie

money
UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock
Neiegkeeten

UK-EU Fräihandelsaccord: De BoJo huet kee Bock

Dat grousst a laangwieregt Gedeessems mat de Briten, déi vu

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!
Neiegkeeten

eSport: Den ACL gëtt Vollgas!

Ab e Méindeg 15. Mäerz, geet den Automobilclub Lëtzebuerg mat

Et gëtt nees Cremant an der Chamber

De Chamberpresident Fernand Etgen mat engem Ausbléck op 2019

Et gëtt nees Cremant an der Chamber

Beim traditionellen Neijoerschdagsempfang um Krautmaart huet de Chamberpresident Fernand Etgen (DP) verbal e kuerze Bléck op dat vergaangent, an ee laange Bléck op dat neit Joer geworf.

Esou huet de fréiere Landwirtschaftsminister un de Camille Gira (déi gréng) erënnert, deen duerch säin Engagement d‘Land a seng Gemeng e Stéck besser gemaach huet. De Fernand Etgen huet dunn op déi nei politesch Konstellatioun higewisen. Et setzen elo siwe politesch Parteien um Krautmaart, an fir de Chamberpresident wier dat ee positiivt Zeechen, et géif d‘Pluralitéit vun eiser Gesellschaft erëmspigelen. Hien ass iwwregens gläichermoossen erfreet datt vill jonker bäikomm sinn.

Am Kontext vun dëser éischter symbolescher Dot zum neie Joer, ass de Fernand Etgen natierlech op d‘Europawahlen agaangen, déi eis an dësem Quartal eppes méi intensiv dierfte beschäftegen. An dann ass do jo och nach de Referendum deen op eis duer kënnt, well et endlech un der Zäit wier déi Verfassung ze erneieren. Also wann d‘Vollek dat iwwerhaapt wëll, an et net zu engem Ausgank wéi beim leschte Referendum kënnt, wou sech d‘Regierung bis op d‘Ënneschtbox blaméiert hat.

EU-Wahlen

Wat d‘Europawahle betrëfft, esou erhofft sech de Chamberpresident, datt sech „gescheit a stabil Allianze bilden“ fir datt d‘Europaparlament esou funktionéiere kann, datt et Amstand ass Äntwerten op déi bestoend a kommend Erausfuerderungen ze liwweren. Europa, esou een deen elo awer wierklech besser misst wëssen, wier nach ëmmer e geniale Projet, fir deen et sech loune géif all Dag ze kämpfen. Datt sech d‘EU méi dem Bierger muss unhuelen, gouf dann awer net gesot…

Hei hätt et dem Fernand Etgen gutt zu Gesiicht gestanen, de méigleche Kandidaten eppes mat op de Wee ze ginn. Dat Europa vun de Bierger, datt eis säit Joerzéngte versprach gëtt, gouf ni geschafen. D‘EU ass weder eng Allianz vu Bierger nach vun der Politik, mee en Instrument an der Hand vum Finanz- a Wirtschaftswiesen. Et sinn nämlech déi, wou un de Gesetzer „matschreiwen“ an net wéi et behaapt gëtt, déi Parlamentarier déi eigentlech supposéiert sinn d‘Bierger ze representéieren.

Referendum

Wat d‘Reform vun der Verfassung betrëfft, esou huet de Chamberpresident drun erënnert, datt dëse Projet d‘Resultat vun 13 Joer parlamentarescher Aarbecht ass. Elo misst een nach op den Avis vun der sougenannter „Venedeg-Kommissioun“ vum Europarot waarden. An dësen „Avis“ kéint schonn am Mäerz virleien, also nach virun den Europawahlen. Et géif dann och zackeg virugoen, well ee grousse Konsens a Punkto Verfassung a Referendum géif existéieren. Dat ass nei an erfreelech.

Et ass allerdéngs liicht ze behaapten, datt mat dëser neier Verfassung – wa mir dëser dann och zoustëmmen – d‘Land sech de politeschen a gesellschaftleche Realitéite vum 21. Joerhonnert géif upassen, vu datt mir den Text net kennen. Mee och dann, wann et tatsächlech eng Verfassung fir de Bierger gëtt, sollt een sech esou lues begannen, a mat deene Leit kommunizéieren, vun deenen e sech erwaart, datt si den Text unhuelen. Hei gëllt et op dat Klenggedréckt uecht ze doen.

Related topics Chamber, Chamberpresident, Fernand Etgen, Krautmaart, Neijoerschdagsempfang
Next post Previous post