Search

You may also like

Sankt Bernardus „Abt 12“ – Hellege Béier fir en hellegen Owend
Kultur Neiegkeeten

Sankt Bernardus „Abt 12“ – Hellege Béier fir en hellegen Owend

D‘Trappisten hunn de Béier wuel net erfonnt, schlussendlech awer dat

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen
Kultur Neiegkeeten

Och d‘Meenungsfräiheet huet hir Grenzen

Am neie Joer, gëtt et Parteien déi de Bléck no

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch
Kultur Neiegkeeten

Brasilien: Vernichtung vum Reebësch

Laut dem brasilianeschen Institut fir Weltraumfuerschung (INPE) wier d‘Lag „dramatesch“.

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren

Concours „Crème Fraîche“ – Net fir ze iessen, mee fir ze kreéieren

Och an dësem Joer lancéiert de Service National de la Jeunesse (SNJ), zesumme mam Centre National d’Audiovisuel (CNA) an dem Luxembourg City Film Festival, nees säi Video-Concours „Crème Fraîche“.

Bei dëser 10. Editioun sinn Jonker vun 12 bis 30 Joer aus Lëtzebuerg agelueden bis spéitstens den 21. Februar 2021 Ram ze klappen. Ah nee, dat war eppes anescht! Bei dëser Zort „Crème Fraîche“ solle Videoen entstoen. Ugebuede gi folgend Kategorien:

  • Kuerzfilm: Hei sollt d’Wierk maximal 15 Minutten hunn. De Genre an d’Thema kënne vum Kreateur erausgesicht ginn. Ënnert den agereechte Videoen sicht de Jury Videoen eraus, déi op der „Crème Fraîche“-Soirée presentéiert ginn an e Präis gewannen. Den CNA offréiert dobäi een Erliefnis am Escape Room.
  • Trailer: A senge maximal 90 Sekonne soll den Trailer en imaginäre Film ukënnegen. Eng Selektioun u Wierker gëtt dem Publikum virgestallt, déi dann op der Soirée um 6. Mäerz 2021 entscheeden, wien de Gewënner ass. Wärend dësem Joer wäert den SNJ dann, a Kollaboratioun mat de Gewënner, e Film zum Trailer erschafen.

Weider Informatiounen zu de Konditiounen an de sanitäre Recommandatiounen wärend der Pandemie fannt Dir op www.erliewen.snj.lu/concours-creme-fraiche. Duerch Covid-19 wäert d’Crème-Fraîche-Soirée net wéi gewinnt am Kinepolis um Kierchbierg stattfannen, mee gëtt via Live-Stream iwwerdroen. Geplangt ass dofir de 6. Mäerz 2021 ab 16:30 Auer. An dësem kader gëtt e Best-of vun de leschten 10 Joer vum Concours presentéiert.

Crème Fraîche

Related topics CNA, Concours, Crème Fraîche, Kuerzfilm, Luxembourg City Film Festival, SNJ, Trailer, Video
Next post Previous post